Ralingen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Ralingen un der Sauer ass eng Gemeng an der Verbandsgemeng Tréier-Land am Landkrees Tréier-Saarburg a Rheinland-Pfalz an Däitschland.
Op der aner Säit vun der Sauer läit déi lëtzebuergesch Gemeng Rouspert.
Ralingen besteet aus
- Ralingen (Rooljen),
- Wintersdorf (Wanschdrëf),
- Godendorf (Godendrëf),
- Edingen (Ittchen),
- Olk (Olek),
- Kersch (Käersch).
Op enger Fläch vun 27,64 km² wunnen 2.024 Awunner. (Stand Mee 2004)
Inhaltsverzeechnes |
Geographie[änneren]
49° 49' 0" nërdlech Breet a 6° 30' 0" ëstlech Längt
Postcode[änneren]
De Postcode vu Ralingen ass 54310
Autosimmatrikulatioun[änneren]
D'Autosnummer fänkt mat "TR" (fir Tréier) un.
Partnerschafte mat auslännesche Gemengen[änneren]
Am Gemengenzenter Reemerhof zu Rouspert gouf de 6. Juni 2002 d'Partnerschaft tëscht den dräi Gemengen vun de Buergermeeschteren Agnes Olah, Luc Bonblet und Oswald Disch ënnerschriwwen.
Veräiner[änneren]
- Websäit vum "Fussball Sport Verein 1925 Ralingen e.V."
- Websäit vun der "Spielgemeinschaft Sauertal - Ralingen"
Spezielles an der Gemeng[änneren]
- Déi Ralinger Spruddelquell
