Ralph Giordano

Vu Wikipedia
Ralph Giordano
Gebuer 23. Mäerz 1923
Hamburg
Gestuerwen 10. Dezember 2014
Köln
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Gelehrtenschule des Johanneums
Aktivitéit Journalist, Schrëftsteller, Televisiounsregisseur

De Ralph Giordano, gebuer den 20. Mäerz 1923 zu Hamburg a gestuerwen den 10. Dezember 2014 zu Köln, war en däitsche Journalist, Publizist, Schrëftsteller a Regisseur. Hie gouf beakannt duerch säin deelweis autobiographesche Roman Die Bertinis, d'Geschicht vun enger jiddescher Famill an der Zäit vum Nationalsozialismis, deen 1982 erauskoum. 1987 huet en Die zweite Schuld oder Von der Last, Deutscher zu sein, publizéiert, wou et drëms geet, wéi d'Nazi-Ideologie oder d'Sympathie dofir och nom Zweete Weltkrich weidergelieft huet. An den 1990er Joren huet hie sech vehement mat den Neo-Nazien auserneegesat, an och, 2000 mat der, wéi e sot, ondemokratescher Bundeswehr.

Aner Sujeten, mat deenen e sech andeene leschte Joren auserneegesat huet, war d'Haltung vun der Friddensbeweegung vis-à-vis vum Irakkrich, d'Euthaniasie (am Fall vu senger doutkeranker Fra), an den islameschen Extremismus.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ralph Giordano – Biller, Videoen oder Audiodateien