Rangéiergare

Vu Wikipedia
Rangéiergare Hagen-Vorhalle am Summer 2008

Eng Rangéiergare och nach kuerz Triage genannt ass eng Eisebunnsgare déi drop spezialiséiert ass Waggone fir de Giddertransport aus hirer initialer Ramm erauszehuelen an se sou ze sënneren datt se fir nei Gidderzich kënnen uneneegekoppelt ginn.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Eng Rangéiergare huet speziell Installatioune fir de Giddertransport op der Eisebunn méi einfach a méi rationell z'organiséieren. Sou eng Gare ass e puer Kilometer laang a besteet aus dräi Deeler:

  • Ee Gleisstral (8,9,oder 10 Gleiser) wou Zich erakommen a waarde fir ausgehaangen ze ginn.
  • Ee Gleisstral wou gesënnert gëtt (dat ass dee gréissten Deel vum Triage mat bis zu 50 Gleiser)
  • Ee Gleisstral fir den Depart vun den Zich (och bis zu 10 Gleiser)

Déi verschidden Typpe vu Rangéiergaren[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt dräi verschidden Zorte vun Triagen: dee ganz flachen, dee mat enger Kopp an deen op engem schife Plang.

De flaachen Triage[änneren | Quelltext änneren]

Sou Gare si ganz flaach an d'Waggone musse gedréckt oder ofgestouss ginn bis se iwwer déi respektiv Weich ewech sinn fir op dat Gleis ze komme wou se higehéieren. Hei kann nëmme just virun der Weich lassgekoppelt ginn. Dëse System huet een héijen Aarbechtsopwand an ass relativ lues. Dofir gëtt et deen och am Prinzip nëmmen a klenge Rangéiergaren, (manner wéi 12 Gleiser) am Sënnerberäich. Et gëtt a verschidde Länner zwar och nach méi grousser déi sou funktionéieren.

Meeschtens sinn dës kleng Triagen awer a Privatbesëtz, besonnesch bei groussen Industrieanlagen, an Häfen oder bei Minièren.

Den Triage mat Oflafbierg[änneren | Quelltext änneren]

Dës Zort vun Triage ass fir de Moment déi efficassten. Op sou enger Gare kënne bis e puer Dausend Waggonen den Dag gesënnert ginn.

Den Triage um schife Plang[änneren | Quelltext änneren]

Déi Garë funktionéieren op déi selwecht Manéier wéi déi mat engem Oflafbierg, just datt do d'Gleiser alleguer ee liicht Gefäll hunn an d'Waggone sou duerch hiert eegent Gewiicht déi ganzen Zäit vum selwe weiderlaafen. Déi gréisst dovu ware fréier an Däitschland an an England.

Dee gréisste vun där Zort deen hautdesdaags nach funktionéiert ass dee vun Nürnberg an Däitschland.

Déi Triagen hunn och eng grouss Kapacitéit, mä et gëtt méi Personal do gebraucht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Eng kleng Rangéiergare (Capdenac a Frankräich).

Op Franséisch[änneren | Quelltext änneren]

  • BLIER Dr Gérard: Nouvelle géographie ferroviaire de la France. Paris: La Vie du Rail.
  • La Vie du Rail N° 2462 (21/IX/1994): Spécial Triages. L'avenir du wagon isolé. La carte de France des 22 triages. Visite à Sibelin, Woippy et Noisy.
  • HENRARD Roger (Photos): La France ferroviaire vue du ciel. L'Est, le Sud-Est et le Sud-Ouest 1960 - 1972. Paris: La Vie du Rail, 2003. ISBN 2-915034-16-8. (= Images de trains, tome X).
  • HENRARD Roger (Photos): La France ferroviaire vue du ciel. Le Nord et l'Ouest 1955 - 1972. Paris: La Vie du Rail, 2004. ISBN 2-915034-30-3. (= Images de trains, tome XI).

Op Däitsch[änneren | Quelltext änneren]

  • GOERING A./ ODER M. (Bearb.)/ LOEWE F./ ZIMMERMANN Dr. H. (Hg.): Der Eisenbahnbau. Ausgenommen Vorarbeiten, Unterbau und Tunnelbau. V. Deel vum Handbuch der Ingenieurwissenschaften, Véierte Band: Anordnung der Bahnhöfe, Éischt Abteilung: Einleitung, Zwischen- und Endstationen in Durchgangsform, Verschiebebahnhöfe, Güter- und Hafenbahnhöfe. Leipzig: Editeur Verlag Wilhelm ENGELMANN, 1907. (= Handbuch der Ingenieurwissenschaften in fünf Teilen: Fünfter Teil Der Eisenbahnbau, Vierter Band, Erste Abteilung).
  • BARKHAUSEN Dr. (Hg.)/ BLUM/ von BORRIES/ COURTIN/ von WEISS: Der Eisenbahn-Bau der Gegenwart. Drëtten Abschnitt: Bahnhofsanlagen einschließlich der Gleisanordnungen auf der freien Strecke. Zweet ëmgeschaften Oplo. Wiesbaden: Kreidel's Verlag, 1909.
  • RÖLL Dr. Viktor Freiherr von (Hg.) et al.: Enzyklopädie des Eisenbahnwesens. Zweet komplett neiverschaften Oplo. Zéngte Band. Berlin/Wien: Urban & Schwarzenberg, 1923. (Säit 124...138: CAUER, Verschiebebahnhöfe).
  • GRASSMANN Ewald (Hg.): RANGIERTECHNIK. Nachdruck der Sonderhefte "Verschiebebahnhöfe in Ausgestaltung und Betrieb" und "Rangiertechnik", erauskomm vun 1922 bis 1938 an der Zäitschrëft "Verkehrstechnische Woche", erausginn vun der Studiengesellschaft für Rangiertechnik. Minden (Westf.): Deutsche Bundesbahn, Fachausschuss für Rangiertechnik, 1952.
  • FIEDLER, ? (Bundesbahnrat), Die Gleisbremsenbauarten im In- und Ausland. An: Niederschrift der 20. Sitzung des Fachausschusses für Rangiertechnik, Duisburg 1957 (Anlage 2, Seiten 17...32). (= Forschungsarchiv Nr. 76).
  • BLUM Otto: Personen- und Güterbahnhöfe. Zweet nei Oplo vum Dr.-Ing. habil. Kurt LEIBBRAND. Berlin/Göttingen/Heidelberg: Springer-Verlag, 1961. (= Handbuch für Bauingenieurwesen).
  • DELPY Dr. Albert/ GRASSMANN Prof. Dr. Ewald/ GRUBER Herbert: Der Rangierbahnhof und seine technische Ausrüstung. Starnberg: Josef Keller Verlag, 3. neiverschafften Oplo, 1965. (= Eisenbahn-Lehrbücherei der Deutschen Bundesbahn, Band 94).
  • GRAU Prof. Berthold: Bahnhofsgestaltung. Band 2. Berlin (Ost): Transpress VEB Verlag für Verkehrswesen, 1968.
  • Deutsche Bundesbahn, Bundesbahndirektion Hamburg (Hg.): Der Rangierbahnhof Maschen. Oldenburg (Oldb.): Stalling, 1975. Keng ISBN.
  • HILLER Dr. Wolfgang: Rangierbahnhöfe. Berlin (Ost): Transpress VEB Verlag für Verkehrswesen, 1983. (= Eisenbahnbau). Keng ISBN.
  • KRETSCHMANN Heinz Werner: Eisenbahnknotenpunkt Hamm. Entstehung und Entwicklung bis 1927. An: Jahrbuch für Eisenbahngeschichte 1987, Band 19, Seiten 5...54. Editeur: Deutsche Gesellschaft für Eisenbahngeschichte, Karlsruhe. Lübbecke: Uhle & Kleimann, 1987. ISBN 3-922657-59-1.
  • SCHIEBER Martin/ WINDSHEIMER Bernd/ IMHOF Heinrich: 100 Jahre Rangierbahnhof Nürnberg 1903-2003. Nürnberg: Editeur DB Cargo Niederlassung Nürnberg, DB Museum Nürnberg, Geschichte Für Alle e. V. - Institut für Regionalgeschichte. Sandberg Verlag, 2003. ISBN 3-930699-36-2.
  • MEINOLD Markus: Bahnhof Hamm (Westf). Die Geschichte eines Eisenbahnknotens. Hövelhof: DGEG Medien GmbH 2004. ISBN 3-937189-07-6.

Op Italieenesch[änneren | Quelltext änneren]

  • PICIOCCHI Dott. Antonio: Le nuove stazioni di smistamento: Osservazioni - Considerazione - Problemi. An: Ingegneria ferroviaria, 34(1979)11, Säit 733...755.
Bemierkungen zum Artikel: Hei fënnt een eng Auswiel vun iwwersiichtlechen Diagrammen an déi verschidde Bauforme vu Rangéiergaren.

Op Englesch[änneren | Quelltext änneren]

  • RHODES Dr. Michael: The Illustrated History of British Marshalling Yards. Sparkford: Haynes Oxford Publishing & Co, 1988. ISBN 0-86093-367-9. Ausverkaaft.
  • RHODES (Dr.) Michael: North American RAILYARDS. St. Paul (USA): Motorbooks International (MBI Publishing Company), 2003. ISBN 0-7603-1578-7.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rangéiergaren – Biller, Videoen oder Audiodateien