Ranger 6

Vu Wikipedia
Ranger 6
Start vun der Ranger 6
Typ Moundsond
Land  USA
Agentur NASA
COSPAR-Bezeechnung 1964-007A
Missiounszil Fotograféiere vum Äerdmound
Mass 381 kg
Start 30. Januar 1964
Startplaz CCAFC LC-12
Drorakéit Atlas-Agena-B
Status 2. Februar 1964; Opschlag um Äerdmound
Opbau vun der Ranger 6

D'Ranger 6 war eng Raumsond vun der US-amerikanescher Raumfaartagentur NASA. Et war déi sechst Sond am Kader vum Ranger-Programm fir d'Erfuerschung vum Äerdmound an déi éischt am Block-III-Design. Well déi Sonde virdrun nëmmen en Deel vun hiren Aarbechte gemaach haten, gouf de Block-II-Design iwwerschafft. Déi wichtegst Ännerunge waren eng verbessert Konstruktioun vun de Solarzellen, d'Montage vun enger Pufferbatterie mat enger Lafzäit vun 9 Stonnen souwéi de Verzicht op d'Landekapsel mat seismologeschen Experimenter. D'Ranger 6 war 381 Kilogramm schwéier. Wéi déi fréier Missioune sollt si virum Opschlag Biller vun der Mounduewerfläch maachen an op d'Äerd senden.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Ranger 6 war den 30. Januar 1964 u Bord vun enger Atlas-Agena-B-Rakéit vum LC-12 vun der Cape Canaveral Air Force Station gestart. Nom Erreeche vun der Parkbunn huet d'Agena-Uewerstuf frësch gezünt an d'Ranger 6 huet Kurs op de Mound geholl. Den 2. Februar 1964, 65,5 Stonnen nom Start war d'Sond um Mound opgeschloen ouni Biller geschéckt ze hunn. Warscheinlech hat e Kuerzschluss am TV-System d'Kameraen zerstéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ranger Block 3 – Biller, Videoen oder Audiodateien