Rankbierg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Rankbierger)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Moundkrater Theophilus (Apollo 16, NASA)

Als Rankbierger bezeechent ee grouss Moundkratere mat engem Duerchmiesser tëschent 60 km a ronn 150 km. De Kraterrand vun esou Bierger entsteet beim Meteoritenaschlag als Ausworf vu staark kompriméiertem Material. D'Gestengs vu Rankbierger gëtt als Lunarit bezeechent.

Rankfërmeg Strukturen duerch Asteroiden-Aschléi [änneren]

Wann e Meteorit - bei gréissere Kierper Asteroid genannt - aus dem Weltall erofstierzt, huet hien eng Vitesse vu 10 bis 70 Kilometer pro Sekonn (30- bis 200-fach ierdesch Schallvitesse). Beim Opprall dréngt n an e puer Millisekonnen bis zu 100 Meter an d'Gestengs eran. An dësem kuerze Moment gëtt déi ganz kinetesch Energie vum Meteorit a Wäermt ëmgewandelt an de Kierper explodéiert. D'Material ronderëm gëtt kegelfërmeg ewechgesprengt; um Rand vum geformte Becken ensteet en Deel dovun als Rampli.

Wann e groussen Objet oder en Objet mat ganz grousser Vitesse aschléit, fiedert d'Uewerfläch zréck a formt en Zentralbierg. Beim Fall vun enger Kugel an d'Waasser geschitt bal datselwecht: eng Drëps spréngt an der Mëtt héich. D'Schréigt vun de bannenzegen Häng vum Rampli läit bei 20-30°, déi baussenzeg ass 2-3 mol méi flaach. Béides hänkt vum Asteroidematerial a vum Moundbuedem of, souwéi vun der Vitesse an dem Opprallwénkel.

De riets duergestallte Moundkrater Theophilus ass eng 105 km grouss kreesfërmeg Dällt am Buedem vum Äerdmound no bei der visueller Moundmëtt an entstoung viru ronn 2 Mrd. Joer. Säi Rampli huet Héicht vu bal 7 km. Déi terrassefërmeg ofgestufte bannenzeg Häng maachen aus him ee vun de schéinsten Objeten op dem Mound. Vun där Gréisst huet den Äerdmound der e puer Dosen; nach méi breet Kratere (bis 300 km) ginn als Wallfläch klassifizéiert.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie