Raoul Girardet

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Raoul Girardet, gebuer 1917, ass e franséischen Universitaire an Historiker. Seng Spezialitéite sinn déi militäresch Gesellschaften an de franséischen Nationalismus.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Biographie

De Raoul Girardet ass e Kand vun der après Guerre. En ass 1917, knapps ee Joer no der Schluecht vu Verdun, op d'Welt komm. Säin Numm Raoul kennt vu sengem Monni dee während dem éischte Weltkrich am September 1914 gestuerwen ass. Seng Famill besteet haaptsächlech aus Offizéier aus der Arméi. Säi Papp, säi Grousspapp, säi Monni, säi Cousin, waren all an der Arméi, esou datt d'militärescht Liewen an de Krich ganz present a sengem Liewe waren. En ass net am Kader vun de grousse Cheffen erzunn ginn , mä éischter am Respekt vum onbekannten Zaldot, en onbekannten Held vum Krich.

Hien ass an d'école communale Paris XXe gaangen, éier en am Lycée Voltaire seng Schoul fäerdeg gemaach huet. Do hat en zwéi Professeren déi en op den Interessie fir d'Geschicht opmierksam gemaach hunn.

Als éischt den Här Faran [1], säi Professer op der Sixième an op der Troisième. Seng Methode wieren hautdesdaags ëmstridden, mä den Här Faran huet et fäerdeg bruecht beim Raoul Girardet eng gewësse Faszinatioun fir d'Geschicht z'erwächen. Duerch seng Influenz liest en och Wierker wéi d'Iliade oder d'Odyssee an hirer klassescher Versioun. Duerch den Här Faran koum de Raoul Girardet fir d'éischt Kéier op de Gedanke fir eng Professeschcarrière ze maachen.

Den zweete Professer, war de Konschtprofesser deen och e Cours a Konschtgeschicht gehalen huet, wéi de Raoul Girardet e selwer nennt, de „Pattes à ressorts“ [2]. Dësen huet och eng Roll a sengem Schülerliewe gespillt, zwar net mat därselwechter Autoritéit wei den Här Faran. Duerch déi Coursen, huet sech dem Raoul Girardet säin Intressi fir d'Konscht a Muséen entwéckelt, esou datt sech säi geschichtlecht Bewosstsinn sech nëmmen nach méi bestätegt huet. Säin éischt Intressi an der Geschicht war och tatsächlech un der aler Geschicht, wat sech spéiderhin aneschters entwéckelt huet. En ernimmt och säi Professer Jerôme Carcopino [3], deem e seng Aarbechten iwwert laténgescher Epigraphie befollegt huet.

Eréischt nom Zweete Weltkrich, ass en op d'Sorbonne studéiere gaangen.

Do ass en dem M. Renouvin [4] begéint, deen och eng grouss Roll a sengem Liewe gespillt huet. E schafft als Assistent a promovéiert a Geschicht, Doctorat en Lettres, a gëtt selwer Professer op der Paräiser Universitéit. Hie schafft och als Professer um Institut d'études politiques de Paris, wou en den deemolege Studente Laurent Fabius a Jean-Pierre Chevènement Course ginn huet. Hei huet en och, während e puer Joeren, zesumme mam René Rémond am Jean Touchard, dem General Secrétaire vun der Fondation nationale des sciences politiques, e Cours iwwer "Le mouvement des idées politiques dans la France contemporaine" gehalen. Och an der École nationale d'administration, d'École spéciale militaire de Saint-Cyr an d'École polytechnique, war hien als Professer täteg.

De Raoul Girardet huet säi Liewe méi der Bildung gewidmet huet. An datt en usech net esou vill Wierker selwer geschriwwen huet, wou hien selwer och dozou steet.

[änneren] Engagement fir d'Action française

Seng Jugend ass markéiert duerch seng Adhésioun bei der Action française. Déi nationalistesch Beweegunge stelle sech fir hien als eng Form vu Protest géint déi etabléiert Uerdnung, e Broch, eng Oflehnung wat fir e Jugendlechen zimlech attraktiv ass.

Hien ass och un der Romantik vun der revolutionärer Aktioun géint den däitschen Ierffeind interesséiert. Den Afloss vum Charles Maurras [5], de Prestige vun der Action française, erkläre déi besonnesch Wahl vun dëser Liga, usech méi wei dat Festhalen um Maurras sengen Iddien. Méi spéit erklärt de Raoul Girardet selwer, datt de Maurras schlussendlech nëmmen en ideologesche Virwëtz war.

Nieft verschiddenen Aktiounen, ass d'Action française fir de Raoul Girardet haaptsächlech eng Méiglechkeet e ganze Reseau vu Bezéiungen a Kontakter ze schafen, déi en net bestreit, a mat verschiddene souguer seng zukünfteg Verpflichtungen deelt.

Hie verléisst d'Action française am Ufank vum zweete Weltkrich, ugeeekelt vum Antisemitismus an der Collaboratioun.

[änneren] Engagement während dem Zweete Weltkrich

Nodeems e sech vun der Action française distanzéiert huet, ass de Raoul Girardet der Resistance bäigetrueden. De Girardet brauch vill Méi fir sech vun der veréierter Perséinlechkeet vum Marschall Pétain, dem Held vum éischte Weltkrich, ze distanzéieren, en ass awer direkt géint d'Armistice. Fir d'Resistance geet en e puer Risiken an, andeems en bäi verschiddene klengen Aktiounen hëlleft, wéi zum Beispill Bréiwer z'iwwerdroen oder Noriichte weider ze bréngen. Dëst feiert en och dozou vun der Gestapo 1944 fest gehal ze ginn, a kuerz der Deportatioun ze entgoen.

[änneren] Engagement während dem Algeriekrich

E puer Joer méi spéid, engagéiert sech de Girardet fir de Krich an Algerien. Vun 1959 un entwéckelt en och en heftegen Anti-Gaullisme. En ass vum de Gaulle senger Attitude wat ëm Algerien geet enttäuscht sief et datt en net an der Lag ass dem Frankräich säi Feeler z'erkennen oder datt en denkt den Ausstieg vun Algerien hätt déiselwecht Bedeitung wéi eng nei Armistice.

Nodeems 1960 d'Manifeste des 121 publizéiert ginn ass, an deem Wehrverpflichteten zur Aufsässegkeet opgeruff ginn, gouf en anere Manifest vu franséischen Intellektuellen geschriwwen an deem "d'zivilisatoresch Missioun vun der Arméi an Algerien" bekräftegt gëtt. De Raoul Girardet gehéiert zu deenen déi d'Manifest ënnerschriwwen hunn esou wei och Memberen oder och Ënnerstëtzer vun der extrême-droite wéi zum Beispill François Natter, Jacques Perret, Jacques Laurent, Henri Massi, Rogier Nimier oder Jules Monnerot.

E schreift pro-OAS Artikelen déi bei der Zäitschrëft L'Esprit Public verëffentlecht ginn, wou hie selwer Co-Redakter ass mam Roland Laudenbach. E bedeelegt sech an der OAS an der franséischer Metropole an och an der Branche Action politique et propagande mat verschiddenen Universitéits Leit an de Schrëftsteller Jacques Laurent a Jacques Péret.

D'Zäitschreft L'Esprit Public déi am Dezember 1960 vum Philippe Héduy am Hubert Bassot fir d'éischt publizéiert ginn ass, ass och déi ëffentlech Façade vun der OAS.

Dee ganzen Aktivismus bréngt Raoul Girardet an de Prisong am Ufank vum September 1961, e puer Deeg virum gescheiterten Attentat géint den de Gaulle zu Pont-sur-Seine.

Déi dräi Engagementer weisen, säin Interêt fir verschidde Wäerter, Patriotismus an Traditioun.

[änneren] Fazit

Dem Raoul Girardet säin Ursprong a seng verschidde Kämpf erkläre gréisstendeels d'Interesse ëm déi sech säi Wierk konzentréieren: d'militäresch Fro, den Nationalismus, de Kolonialismus, d'Geschicht vun de politeschen Ideeën. Biergerlech a moralesch Wäerter sinn implizit iwwerdroe ginn duerch säi familiärt Ëmfeld.

E gesäit sech selwer als Kand vun der drëtter Republik [6] a fillt e gewësst Mësstraue géigeniwwer dem Klerikalismus. Obwuel en zimlech wéineg geschriwwen huet, a seng Zäit haaptsächlech der Bildung gewidmet huet, sinn haaptsächlech déi Themen déi a senger Bibliographie oder a senge Bedeelegungen u verschiddene Bicher erëm ze fannen sinn. En huet sech och bei der Zäitschrëft La Nation française déi vum Pierre Boutang gefouert gouf, bedeelegt.

[änneren] Publikatiounen

  • La Société militaire de 1815 à nos jours, Plon, Paris, 1953
  • Pour le tombeau d'un capitaine, Éditions de l'Esprit nouveau, Paris, 1962
  • La Crise militaire française (1945–1962), Armand Colin, coll. « Cahiers de la Fondation nationale des sciences politiques », Paris, 1964
  • Le Nationalisme français (1871–1914), Armand Colin, coll. « U / Idées politiques », Paris, 1966
  • L'Idée coloniale en France de 1871 à 1962, La Table Ronde, Paris, 1972 (Grand Prix Gobert de l'Académie française)
  • Mythes et mythologies politiques, Éditions du Seuil, coll. « L'Univers historique », Paris, 1986 (ISBN 2020093480)
  • Problèmes militaires et stratégiques contemporains, Dalloz, Paris, 1988 (ISBN 2247009476)
  • Singulièrement libre, entretiens avec Pierre Assouline, Perrin, Paris, 1990 (ISBN 2262007179)
  • Nationalismes et nation, Complexe, coll. « Questions au XXe siècle », Bruxelles, 1995 (ISBN 2870275609)

[änneren] Referenzen

[änneren] Referenzen

  1. Pierre Nora, Essais d'ego-histoire, Raoul Girardet, L'ombre de la Guerre, p. 147
  2. Pierre Nora, Essais d'ego-histoire, Raoul Girardet, L'ombre de la Guerre, p. 148
  3. Pierre Nora, Essais d'ego-histoire, Raoul Girardet, L'ombre de la Guerre, p. 150
  4. Pierre Nora, Essais d'ego-histoire, Raoul Girardet, L'ombre de la Guerre, p. 149
  5. Pierre Nora, Essais d'ego-histoire, Raoul Girardet, L'ombre de la Guerre, p. 158
  6. Pierre Nora, Essais d'ego-histoire, Raoul Girardet, L'ombre de la Guerre, p. 162
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen