Rapallo
| Rapallo | |
|---|---|
| Land: | |
| Regioun: | |
| Provënz: | Genua (GE) |
| Koordinaten: | 44° 21′ N, 9° 14′ O44.359.23333333333333Koordinaten: 44° 21′ 0″ N, 9° 14′ 0″ O |
| Fläch: | 33,70 km² |
| Awunner: | 30.742 (31. Dez. 2011) |
| Bevëlkerungsdicht: | 912 Aw./km² |
| Héicht: | 3 m |
| ISTAT-Nummer: | 010046 |
Rapallo ass eng Stad an der Regioun Ligurien an an der Provënz Genua.
Rapallo ass déi gréisst Uertschaft mat Plage un der Riviera di Levante a läit 33 km südëstlech vu Genua. 10 respektiv 5 km vu Rapallo ewech leien och déi vun Touriste staark besichten Uertschafte Portofino a Santa Margherita Liguri.
Geschichtleches [änneren]
Am Joer 1494 gouf Rapallo vun der Arméi vum Karl VIII. gestiermt a sämtlech Awunner, mat Fraen a Kanner, goufen dobäi ëmbruecht. Dëse Massaker war eng Revanche fir de Versuch vu Rapallo, d'Truppe vum Karl VIII. op hirem Marsch op Neapel opzehalen.
Rapallo ass doriwwer raus bekannt well am 20. Joerhonnert an dëser Stad zwéin international Traitéen ofgeschloss goufen: Den 12. November 1920 huet sech Italien mat dem Kinnekräich vun de Serben, Kroaten a Slowenen (dem spéidere Jugoslawien) zu Rapallo iwwert Grenzfroe gëeenegt.
Weltgeschichtlech berühmt gouf d'Stad Rapallo duerno duerch dee sougenannte Vertrag vu Rapallo, deen de 16. Abrëll 1922 tëschent Däitschland a Russland ofgeschloss gouf. D'Ausseministere Rathenau (Däitschland) an Tschitscherin (Russland) goufe sech do iwwert e Verzicht op Reparatiounsgeld an och iwwer eng erneit Opnam vun diplomatesche Bezéiungen eens, eppes wat deemools vun de Westmächten net gutt opgeholl gouf.
Um Spaweck [änneren]
Arenzano | Avegno | Bargagli | Bogliasco | Borzonasca | Busalla | Camogli | Campo Ligure | Campomorone | Carasco | Casarza Ligure | Casella | Castiglione Chiavarese | Ceranesi | Chiavari | Cicagna | Cogoleto | Cogorno | Coreglia Ligure | Crocefieschi | Davagna | Fascia | Favale di Malvaro | Fontanigorda | Genua | Gorreto | Isola del Cantone | Lavagna | Leivi | Lorsica | Lumarzo | Masone | Mele | Mezzanego | Mignanego | Mocònesi | Moneglia | Montebruno | Montoggio | Ne | Neirone | Orero | Pieve Ligure | Portofino | Propata | Rapallo | Recco | Rezzoaglio | Ronco Scrivia | Rondanina | Rossiglione | Rovegno | San Colombano Certénoli | Sant'Olcese | Santa Margherita Ligure | Santo Stefano d'Aveto | Savignone | Serra Riccò | Sestri Levante | Sori | Tiglieto | Torriglia | Tribogna | Uscio | Valbrevenna | Vobbia | Zoagli
| Commons: Rapallo – Biller, Videoen oder Audiodateien |