Raphaël Stacchiotti
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Raphaël Stacchiotti, gebuer den 9. Mäerz 1992 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schwëmmer.[1]
De Stacchiotti war mat 16 Joer dee jéngste Lëtzebuerger Olympionik dee sech bis ewell fir d'Olympesch Spiller qualifizéiert huet. Bei der Ouverture vun de Spiller zu Peking 2008 huet hien de Lëtzebuerger Fändel gedroen. An der Qualifikatioun iwwer 200m Fräistil vun de Männer, koum hie mat enger Zäit vun 1:52.01 op eng 49. Plaz am Generalklassement.[2]
De Stacchiotti ass aktiv am Swimming Club le Dauphin zu Ettelbréck.
Inhaltsverzeechnes |
Palmares [änneren]
- 2008 : 4. Plaz op Weltmeeschterschaft vun de Junioren zu Monterrey (Mexiko). Neie Landesrekord am 200m Fräistil mat 1:50.30
- 2009 : Bei de Spiller vun de klenge Staate vun Europa, vum 1. Juni bis de 6. Juni huet hie siwemol Gold an eemol Sëlwer gewonnen.
- 6. Juni : doropshi krut hien de World Fair Play Movement award [3]
- 2009 : 1. Plaz op der Junior-Europameeschterschaft [4] zu Prag am 200m 4 Nages mat 2:02.56
- 2010 : 1. Plaz am 200 m 4 Nages an 2. Plaz am 400 m 4 Nages op der Junior-Europameeschterschaft.
- 2011 : 20. Plaz am 200 m 4 Nages an am 400 m 4 Nages op de Schwammweltmeeschterschaften zu Shanghai [5]
Kuckt och [änneren]
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympioniken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Referenzen [änneren]
- ↑ De Raphaël Stacchiotti um Site vu sports-reference.com
- ↑ De Raphël Stacchiotti um Site vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
- ↑ Shialou, Stacchiotti and Iceland Receive Awards
- ↑ 200 Ind. Medley - Boys F I N A L: 1. STACCHIOTTI Raphael 1992 LUX 2:02.56 Quell: www.prague2009.cz
- ↑ D'Resultater vum Raphaël Stacchiotti op Les-Sports.info
Um Spaweck [änneren]
- Stacchiotti n'en pouvait plus Artikel am Le Quotidien (11. August 2008) iwwert de Stacchiotti zu Peking 2008 (fr)
- Finall vun den 200 m 4 nages Männer bei der Jugend-Europameeschterschaft 2009 op You-Tube