Raquel Barreira

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Raquel Barreira
Gebuer 2. November 1976
Lissabon
Nationalitéit Portugal
Aktivitéit Sänger

D'Raquel Barreira, gebuer den 2. November 1976 zu Lissabon, ass eng portugisesch Sängerin.

D'Raquel Barreira ass als Kand mat hiren Elteren op Lëtzebuerg wunne komm, wou si an d'Europaschoul gaangen ass.

1997 gouf si Sängerin an der Rockgrupp Brainchild an huet op Radio Latina Museksemissioune moderéiert. Si huet no an no ëmmer méi mat anere Gruppen zesummegespillt, wéi z. B. Taboola Rasa. 1999 huet se hir éischt CD opgeholl, Imagens ("Biller"), wouvu se déi meescht Texter selwer geschriwwen hat. D'Musek war vum Thierry Kinsch. Lues a lues huet se sech als Sängerin en Numm gemaach, an huet dann och Brainchild verlooss. Verschidde vun hire Lidder koumen am Soundtrack vu Filmer zum Asaz: Le Club des Chômeurs, La Revanche a J'ai toujours voulu être une sainte.

2005 huet se, zesumme mam Al Lenners a Georges Urwald, d'Raquel Barreira Acoustic Group gegrënnt an hir zweet CD publizéiert: Notas soltas ("Fräi Nouten").

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]