Raquel Welch

Vu Wikipedia
Raquel Welch
Gebuertsnumm Jo Raquel Tejada
Gebuer 5. September 1940
Chicago
Gestuerwen 15. Februar 2023
Los Angeles
Doudesursaach Häerzkollaps
Nationalitéit USA
Educatioun San Diego State University
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Sänger, Mannequin, Schrëftsteller, Schauspiller
Famill
Bestuet mat André Weinfeld, Patrick Curtis
Kanner Tahnee Welch


D'Raquel Welch, gebuer als Jo Raquel Tejada de 5. September 1940 zu Chicago, Illinois, a gestuerwen de 15. Februar 2023, war eng US-amerikanesch Schauspillerin.

Si hat hir éischt kleng Filmroll am Film Roustabout mam Elvis Presley. 1964 gouf si international bekannt fir hir Roll an One Million Years B.C., wou si sech mat Dinosaurieren huet missen erëmschloen, mat net vill méi u wéi engem Pelz-Bikini. Déi Roll huet hir den Duerchbroch zu engem vun de grousse Sexsymboler vum europäeschen an US-amerikanesche Kino vun den 1960er an 1970er Joren erméiglecht.

1979 huet si sech nach eng Kéier fir de Playboy knipse gelooss, fir an den 1980er virun allem Succès mat Aerobic-Videoen ze hunn. Se war nach an e puer Filmer an den 1990er an 2000er Joren ze gesinn, dorënner The Naked Gun 33⅓: The Final Insult, an där enger oder anerer Tëleesproduktioun.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Raquel Welch (1987).
  • 1964: A House is not a Home
  • 1964: Roustabout
  • 1965: A Swingin'Summer
  • 1966: Le Fate
  • 1966: Spara forte, piu forte, non capisco
  • 1966: One Million Years B.C.
  • 1966: Fantastic Voyage
  • 1967: The Oldest Profession in the World
  • 1967: Bedazzled
  • 1967: Fathom
  • 1968: The Biggest Bundle of Them All
  • 1968: Bandolero!
  • 1968: Lady in Cement
  • 1969: Flareup
  • 1969: The Magic Christian
  • 1969: 100 Rifles
  • 1970: Myra Breckinridge
  • 1970: The Beloved
  • 1971: Hannie Caulder
  • 1972: Fuzz
  • 1972: Kansas City Bomber/ Round Up
  • 1972: Blaubart
  • 1973: The Three Musketeers
  • 1973: The Last of Sheila
  • 1974: The Four Musketeers
  • 1975: The Wild Party
  • 1976: Mother, Jugs & Speed
  • 1977: L'Animal
  • 1978: Crossed Swords
  • 1982: Die neun Tage wandert
  • 1987: Right to die
  • 1989: Trouble in Paradise
  • 1994: The Naked Gun 33⅓: The Final Insult
  • 1996: Sabrina, the Teenage Witch, TV Serie
  • 1997: Seinfeld (TV Serie)
  • 1997-2000: Chaos City (TV-Serie, 3 Episoden)
  • 1998: What I Did for Love
  • 1998: Chairman of the Board
  • 2001: Legally Blonde
  • 2001: Tortilla Soup
  • 2004: 8 Simple Rules (TV Serie)
  • 2006: Forget About It
  • 2008: Welcome to the Captain (TV Serie, 5 Episoden)
  • 2012: CSI: Miami (TV Serie, 1 Episod)
Reklammsposter fir de Film "One Million Years B.C.", dee sech Poster gutt verkaaft huet an aus der Welch an hirem Hirschbikini op ee Coup e Pin-up girl gemaach huet

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Raquel Welch – Biller, Videoen oder Audiodateien