Ras Algethi (Stär)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kaart vum Stärebild Hercules

De Ras Algethi (arab. رأس الجثي raʾs al-ğaṯī, »Kapp vun deem, dee knéit «) ass den drëtthellste Stär am Stärebild Hercules. An der Astronomie gëtt hie mat α Herculi oder kuerz α Her bezeechent. Säin Numm Ras Algethi staamt aus enger Iwwersetzung vum Almagest a gouf am Joer 1438 vum Johannes vu Gmunden iwwerholl.

De Ras Algethi ass zirka 382 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech (Hipparcos Datebank). Et ass en Duebelstär, dee schonn a klengen Teleskopen opgeléist ka ginn.

Den Haaptstär, ee gielroude Risestär mat der Spektralklass M5, ass e hallefregelméisseg verännerleche Stär vum Typ My-Cephei-Stär, deem seng visuell Magnitude mat enger Period vun 125 Deeg tëscht +3,1 mag an +4,2 mag schwankt. Hie straalt ganz staark am Infraroutberäich.

Säi Begleeder, deen an engem Wénkelofstand vun 4,6" steet (Positiounswénkel 104°), ass e +5,4 mag helle Stär vun der Spektralklass F8. Fir en Ëmlaf brauch d'System ronn 3600 Joer.

Koordinaten Equinoxe J2000.0 :

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie