Raschpëtzer

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Raschpëtzer zu Walfer sinn en ënnerierdeschen Aqueducsystem, dee fir d'Waasserversuergung vun der Réimervilla zu Helsem benotzt gouf. Se gi bis déif an de Stafelter eran. D'Raschpëtzer, déi enger Technik entspriechen ("Qanat" oder "Karez"), déi d'Réimer am Orient (Persien) kennegeléiert haten, goufen tëscht 100 an 200 no Christus gebaut.

D'Raschpëtzer bestinn aus bis ewell 12 bekannte vertikale Schächt, déi ënnereneen duerch en horizontalen Tunnel verbonne sinn (mat enger klenger Pente, fir datt d'Waasser ka lafen).

Ausgruewungen[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1990 ass um Fouss vum Sonnebierg zu Helsem, bei Bauaarbechte vun engem Lotissement, eng Réimervilla entdeckt an tëscht 1990 an 1994 vum Service archéologique vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht (MNHA) ënnersicht ginn.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Réimesch Villa Helsem Nuvola apps xmag.png

Déi Entdeckung huet dozou bäigedroen den Zweck vun de Raschpëtzer als Deel vum Drénkwaasserversuergungssystem vun der Villa z'erklären.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Konen, Jérôme, 2011. Raschpëtzer - Dem Mythos auf der Spur. Éditions Schortgen, 160 S., ISBN 978-2-87953-125-0
  • Kohl, Nicolas, 2011. Vor 25 Jahren - am 3. Oktober 1986 - wurde der "Walferdinger Raschpëtzer-Qanat" entdeckt. Erausgi vum Auteur. Dréckerei Reka Ehlerange, 73 S. ISBN 978-2-87996-551-2
  • Groupe spéléologique luxembourgeois, 2009, Höhlen - Luxemburgs geheimnisvolle Unterwelt, Éditions Schortgen. 160 S. (mat Fotoe vum Jérôme Konen), ISBN 978-2-87953-078-9, S. 120-139: Nicole Droessaert, Sonja Faber & Guy Waringo: Das Geheimnis der Raschpëtzer
  • Kayser, P., G. Waringo, 2002. L'aqueduc souterrain des Raschpëtzer, un monument antique de l'art de l'ingénieur au Luxembourg. Walferdange, Administration communale. Imprimerie Saint-Paul.
  • Kies, A., 1995. Radonmessungen in den Raschpëtzer. ‘Raschpëtzer’ die Ausgrabungschronik der Jahre 1991-1995. Walferdingen: Syndicat d'initiative et de tourisme, S. 213-219.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]