Rassismus
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Ënner Rassismus versteet een all Theorie oder Praxis déi Mënschen op Grond vu reale kierperleche Charakteristiken (wéi zum Beispill d'Hautfaarf) oder zougeschriwwenen (net miess- oder zielbaren) Eegeschaften am Sënn vu Mentalitéiten a Rassen andeelt, wou all Rass en anere Status huet. Dëst kann an der Theorie vun oniwwerluegte Virurteeler bis zu richtegen Ideologië goen, déi d'Mënsche vu verschiddene "Rassen" ënnerschiddlech bewäerten. Praktesch geet dëst vun enger einfacher Trennung bis zu enger Diskriminéierung vu "Rassen". Rassistech Regimer wore beispillsweis d'Drëtt Räich (1933-1945), a Südafrika bis 1994. De Begrëff "Rassismus" huet eng pejoratif Konnotatioun.