Rate Your Music
Rate Your Music (ofgekierzt als RYM) ass eng gratis online Datebank déi musikalesch Opnahme referenzéiert. Si gouf am Joer 2000 gegrënnt an erméiglecht hire Benotzer, Opnahmen (Albumen, Singelen, EPen, Filmer, Videoen) ze katalogiséieren an ze bewäerten.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht a Struktur [änneren]
De Sëtz vu Rate Your Music ass zu Seattle an de Vereenegte Staaten. RYM gouf de 24. Dezember 2000 vum Hossein Sharifi vun Atlanta gegrënnt. Am Géigesaz zu Discogs, bei deenen de Schwéierpunkt op elektronescher Musek läit, huet Rate Your Music sech a senger Ufankszäit éischter op Rockmusek konzentréiert.[1] De Prinzip vun der Säit ass dass d'Benotzer déi verschidden Opnahme bewäerten. Dës Bewäertunge kënne vun engem Minimum vun engem hallwe Stär bis zu engem Maximum vu fënnef Stäre goen.
D'Datebank funktionéiert als Wiki, dat heescht d'Benotzer droen d'Opnahmen selwer an d'Datebank an. Während déi éischt Versioun nëmmen e puer Funktioune gebueden huet (et konnt een zum Beispill seng eege Plackesammlung androen), huet déi 2006 agefouert nei Versioun méi Informatiounen zougelooss. Mat "RYM 2.0" kënnen d'Benotzer ënner anerem och Concerten androen, Leschte maachen, a Forumen iwwer Musek diskutéieren an anere Benotzer Musek recommandéieren.
Wéinst den héije Käschte gëtt d'Säit zënter 2006 net nëmme méi vu Benotzerspende finanzéiert, mä kritt zum Beispill duerch d'Affichéiere vu Reklammen och Sue vu Google. Dës Entscheedung ass vum Sharifi zesumme mat de Benotzer geholl ginn.[2]
Am Mee 2009 huet RYM ugefaange Filmer a seng Datebank z'integréieren. Obwuel Rate Your Music net mat der Internet Movie Database konkurenzéiere kann, waren am Januar 2012 schonn 97 000 Filmer agedroen.
"Custom Charts" an Museksempfehlungen [änneren]
Eng besonnesch Funktioun sinn déi sougenannten "Custom Charts" (custom ass englesch fir benotzterdefiniéiert). Si sinn Rangleschte vun Filmer an Opnahme aus der Datebank, bei deenen den Benotzer d'Critère vun der Zesummestellung selwer auswiele kann. Hien kann zum Beispill déi Wierker mat den héchste Bewertungen, mä och déi mat den niddregste Bewäertungen, no Joer, Joerzéngt, Format oder Land uerdnen.
Zousätzlech kann all Benotzer engem anere Benotzer Filmer, Kënschtler an Opnahme suggeréieren. Et gëtt och eng automatesch Funktioun, déi dem Benotzer mat Hëllef vun sengen anere Bewäertungen nei Empfehlunge gëtt.
Statistiken [änneren]
| 2006[3] | 2008[4] | 2010[5] | 2011[6] | 2012[7] | |
|---|---|---|---|---|---|
| Kenschtler | 166 865 | 296 681 | 580 737 | 747 610 | 848 196 |
| Opnahmen | 702 857 | 1 148 333 | 1 896 128 | 2 300 765 | 2 547 775 |
| Bewertungen | 4 033 301 | 8 513 580 | 17 414 284 | 23 339 936 | 27 481 332 |
| Labelen | 3 345 | 16 466 | 45 154 | 58 475 | 64 912 |
| Rezensiounen | — | 636 739 | 1 159 958 | 1 453 200 | 1 644 165 |
| Concertssäll | 1 315 | 4 374 | 8 134 | 9 714 | 10 379 |
Am Dezember 2011 haten 376 907 Benotzer e Kont bei Rate Your Music. Si si majoritär jonk a männlech.[8]