Ratentempel vun Deshnok
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Ratentempel vun Deshnok steet an der klenger Stad Deshnok, no bei der pakistanescher Grenz, am indesche Bundesstaat Rajasthan.
Den hinduisteschen Tempel gouf am 15. Joerhonnert fir d'Karni Mata opgeriicht, d'Reinkarnatioun vun der Gëttin Durga. Wäit iwwer d'Grenze vum Land ass den Tempel bekannt wéinst engen 20.000 Raten, déi am Tempel liewen a vun de Visiteure gefiddert ginn.
Dem Georges Hausemer säi Buch mat Reesgeschichten Die heiligen Ratten von Deshnok krut den zweete Präis beim Concours littéraire national 2008.
| Commons: Ratentempel vun Deshnok – Biller, Videoen oder Audiodateien |