Raymond-Joseph Loenertz

Vu Wikipedia
Raymond-Joseph Loenertz
Gebuer 10. Juni 1900
Lëtzebuerg
Gestuerwen 31. August 1976
13. Arrondissement
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker

De Raymond-Joseph Loenertz, gebuer den 10. Juni 1900 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 31. August 1976 zu Paräis a Frankräich, war e lëtzebuergeschen Dominikaner, Kierchenhistoriker a Byzantinist.[1],[2]

An der Byzantinistik huet hie mam Benediktinerpater Johannes Maria Hoeck am Klouschter Ettal an am Klouschter Scheyern zesummegeschafft. Hien huet un zwéi vun den eelef Bänn vun der Studia Patristica et Byzantina matgeschafft, déi do tëscht 1953 an 1965 ënner der Direktioun vum Franz Dölger a vum Josef Maria Hoeck entstanen ass. Mam Hoeck huet hien eng Etude iwwer den Nikolaos vun Otranto publizéiert, deen den Abt vum Klouschter San Nicola di Casole war. Zesumme mam Peter Schreiner huet hien och d'Geschicht vun der venezianescher Famill Ghisi ausgeschafft. Des Weideren huet hien d'Bréiwer vum byzantineschen Theolog Demetrios Kydones editéiert.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • La Société des Frères Pérégrinants I: étude sur l'Orient dominicain, Romae: ad S. Sabinae, 1937
  • Les Recueils de lettres de Démétrius Cydonès. Biblioteca apostolica vaticana, 1947
  • Athènes et Néopatras : registres et notices pour servir à l'histoire des duchés catalans (1311-1394), [Roma: Istituto Storico Domenicano], 1955
  • Correspondance II, [Libri XVI-XL. Epistulae 132-450.] / Demetrius Cydonès, Biblioteca apostolica vaticana, 1960
  • Procopii Gazaei Epistolai et declamationes, éd. avec Antoine Garzya,... ,Ettal: Buch-Kunstverlag, 1963
  • Nikolaos-Nektarios von Otranto, Abt von Casole: Beiträge zur Geschichte der ost-westlichen Beziehungen unter Innozenz III. und Friedrich II, éd. avec von Johannes M. Hoeck,... , Ettal: Buch-Kunstverlag, 1965
  • Les Ghisi, dynastes vénitiens dans l'archipel, 1207-1390 ; avec l'aide de Peter Schreiner, Firenze: L. S. Olschki, 1975
  • Byzantina et franco-graeca: articles parus de 1935 à 1966 ; réédités avec la collaboration de Peter Schreiner / Roma: Ed. di storia e letteratura, 1970
  • Byzantina et franco-graeca: articles choisis parus de 1936 à 1969 ; republiés avec la collaboration de P.M. de Contenson, Enrica Follieri et Peter Schreiner, Roma: Edizioni di storia e letteratura, 1978

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jean-Claude Polet. Patrimoine littéraire européen: Index général – De Boeck Supérieur. 2000 – S. 465
  2. http://journals.cambridge.org/action/displayAbstract?fromPage=online&aid=7766872&fileId=S0038713400198884