Raymond Arnette

Vu Wikipedia
Raymond Arnette
Gebuer 4. Februar 1923
Paräis
Gestuerwen 28. Abrëll 2004
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit kathoulesche Priister

De Raymond Arnette, gebuer de 4. Februar 1923 zu Paräis a gestuerwen den 28. Abrëll 2004 zu Frankenthal, war e franséische Resistenzler, kathoulesche Paschtouer an Auteur.

Hien huet a Frankräich (Paräis), zu Lëtzebuerg (Wolz) an an Däitschland (Freiburg a Frankenthal) gelieft.

Nom Seminaire zu Paräis huet hien 1951 seng Primiz zu Wolz zelebréiert.

Vun 1964 bis zu sengem Doud huet hien an Däitschland gelieft, wou hie wéinst sengem Asaz fir d'Erhale vun der sougenannter tridentinescher Liturgie bekannt gouf.

1996 an 1997 huet hie seng Autobiographie op Franséisch, respektiv op Däitsch publizéiert.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Kandheet a Jugend[änneren | Quelltext änneren]

Dem Raymond Arnette seng Mamm war Franséisin. Säi Papp, dee Lëtzebuerger war, huet zu Paräis an der Police geschafft.

Nom Doud vu senger Mamm - hie war du 5 Joer al -, gouf hie vu senger lëtzebuergescher Groussmamm zu Paräis opgezunn. D'Vakanzen huet hien zum Deel bei senger Famill zu Wolz verbruecht. Do huet hien, mat 7 Joer, sech fir d'éischt beruff gespiert, spéider Geeschtlechen ze ginn.

1932, am Alter vun 9 Joer, koum hien nom Doud vu senger Groussmamm bei seng Famill op Wolz, wou hie bis 1938 bliwwen ass. Hien huet lëtzebuergesch an däitsch geléiert, wat fir säi spéidert Liewe sollt besonnesch wichteg sinn.

1938 goung hien zeréck op Paräis fir Theologie ze studéieren, koum awer 1940, no Krichsufank, zeréck bei seng Famill op Wolz.

Spionageaktivitéit bei der Gestapo[änneren | Quelltext änneren]

1941 ass den Arnette zeréck op Paräis gaangen, wou hien, op Urode vu sengem Papp, bei der Police, an zwar an der Brigade mondaine, geschafft huet.

Kuerz drop huet e Member vun der Resistenz hie kontaktéiert: op deem säi Rot hin huet den Arnette sech 1942 vun der Gestapo als Dolmetscher an Iwwersetzer engagéiere gelooss, fir der Resistenz Informatiounen z'iwwerbréngen. Bis zur Liberatioun am Joer 1944 ass him dat gelongen. Sou konnt hien, ënner anerem, den Nuklearphysiker Frédéric Joliot-Curie virun deem senger geplangter Verhaftung warnen.

Seminaire a Primiz[änneren | Quelltext änneren]

No der Liberatioun ass den Arnette an de Seminaire zu Paräis agetrueden.

Den 29. Juni 1951 gouf hien an der Kathedral Notre-Dame zum Paschtouer geweit. Kuerz duerno huet hie seng Primiz zu Wolz gefeiert.

Enseignant a Kaploun a Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

Seng zwou éischt Plaze krut hien als Enseignant an enger Secondaire Schoul zu Neuilly (Institution de Sainte Croix de Neuilly) an duerno an enger Schoul zu Montrouge bei Paräis.

1962 gouf hie Kaploun an der Basilika vum Sacré-Coeur op Montmartre.

Geriichtsprozess a Prisong[änneren | Quelltext änneren]

Am Juli 1962 gëtt de Raymond Arnette, dee seng Sympathie fir d'Algérie française net verheemlecht huet, als presuméierten OAS-Member festgeholl a kënnt fir 11 Méint an Ënnersuchungshaft an de Paräisser Prisong La Santé.

Am Juni 1963 gëtt hie fräigelooss, gëtt awer am Januar 1964 virun der franséischer Cour de sûreté de l'Etat ugeklot an zu 4 Joer Prisong mat Sursis, an engem Openthaltsverbuet zu Paräis an zwee Departementer ronderëm Paräis verurteelt.

Kuerz duerno zitt hie sech an e Klouschter (Abbaye de la Pierre-Qui-Vire) am Departement Yonne zeréck.

Enseignant a Paschtouer an Däitschland[änneren | Quelltext änneren]

1964 huet de Raymond Arnette Frankräich verlooss fir an Däitschland liewen ze goen. No enger Plaz als Militärpaschtouer zu Karlsruhe, huet hien 21 Joer laang, bis zu senger Pensioun den 1. September 1987, Relioun an enger Secondairesschoul zu Frankenthal enseignéiert. Donieft war hie bis 1996 als Paschtouer an der Par engagéiert.

De Paschtouer Arnette huet an der neier Liturgie, sou wéi se vum Zweete Vatikanesche Konzil agefouert gouf, eng Gefor fir de Glawe gesinn. Dofir ass hien op d'Missale vun 1962 (déi sougenannt Tridentinesch Mass) zeréckkomm fir seng Massen ze halen.

No Kontestatiounen a senger Par, krut hien 1996, am Alter vu 75 Joer, d'Par ewechgeholl. D'Tridentinesch Mass gouf vum Poopst Benedikt XVI., nom Arnette sengem Doud, nees erlaabt a rehabilitéiert.

De Raymond Arnette ass onerwaart den 28. Abrëll 2004 zu Frankenthal gestuerwen a gouf do begruewen.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Abbé Raymond Arnette, 1996. De la Gestapo à l'O.A.S. L'itinéraire atypique d'un homme de Dieu. Éditions Filipacchi, 206 pp. ISBN 2-85018-399-7. Cote BNL: LB 21261.
  • Raymond Arnette, 1997. Als Spion bei der Gestapo. Der ungewöhnliche Werdegang eines Pfarrers. Theresia Verlag, Lauerz, Schweiz. ISBN 3-908542-66-9.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]