Raymond Aubrac

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Raymond Aubrac (2008).

De Raymond Aubrac, gebuer den 31. Juli 1914 zu Lyon als Raymond Samuel a gestuerwen den 10. Abrëll 2012 zu Paräis war e franséische Bauingenieur a fréiere Member vun der Résistance.

Liewen [änneren]

Den Aubrac gouf als Kand vu jiddeschen Elteren als Raymond Samuel gebuer. No sengem Studium huet hien zu Stroossbuerg als Bauingenieur geschafft. 1939 huet hie sech mat der Lucie Aubrac bestuet.

Nom däitschen Iwwerfall 1940 huet hie mat senger Fra zesummen de Resistenz-Grupp Libération Sud zu Lyon gegrënnt. 1941 huet se sech mat där vum Emmanuel d’Astier de la Vigerie zesummegeschloss fir d'Resistenz-Zeitung Libération ze grënnen. 1943 gouf d'Koppel Member vun der Armée secrète vum Charles Delestraint. Dem Aubrac seng Eltere sinn an d'KZ Auschwitz deportéiert an do ëmbruecht ginn. De Raymond hat ë. a. d'Decknimm Vallet, Ermelin a Balmont. Hie gouf no der Verhaftung vum Charles Delestraint Chef vun der Armée secrète.

Den 21. Juni 1943 gouf den Aubrac mam Jean Moulin an anereren héije Résistance-Membere vun der Gestapo verhafft. Hie gouf an de Fort Montluc verschleeft, wou e vum Gestapo-Chef Klaus Barbie gefoltert a verhéiert gouf an zum Doud veruerteelt gouf. Den 21. Oktober 1943 huet Lucie an aner Resistenzler de Raymond an 13 aner Gefaangener befreie kënnen. Am Februar 1944 si se op London geflücht. Zënterhier hu se den Numm Aubrac, hire leschten Decknumm virun der Flucht, bäibehalen.

No der Liberatioun huet de Charles de Gaulle de Raymond Aubrac bis 1945 zum Commissaire fir Marseille designéiert. Bis 1948 huet hien am Ministère fir den Erëm-Opbau geschafft.

Den Aubrac, dee Member vun der Franséischer Kommunistischer Partei war, huet e Studien- a Fuerschungsbüro fir modern Industrie, de BERIM, gegrënnt. Hien huet 5 Joer am Marokko geschafft a gouf dono en héije Beamte bei der Ernierungs- a Landwirtschaftsorganisatioun (FAO) zu Roum.

Hie war zënter 1946 mam Ho Ch-Minh befrënnt a war dofir am Indochinakrich an dono am Vietnamkrich Vermëttler.

Hien huet sech ë. a. fir de Fridden am Noen Osten agesat, ë. a. zënter 2009 fir dat nei gegrënntent Russell-Tribunal fir Palestina agesat.

Literatur [änneren]

  • Raymond Aubrac, Où la mémoire s'attarde, Éditions Odile Jacob, 1996 ; édition de poche, 2000 ISBN2-7381-0850-4.
  • Raymond Aubrac et Renaud Helfer-Aubrac, Passage de témoin, Éditions Calmann-Lévy, 2011 ISBN978-2-7021-4201-1.

Documentaire [änneren]

  • Raymond Aubrac, les années de guerre (2010), vum Pascal Convert a Fabien Béziat. les films d'ici, INA, Novanima.