Raymond Clement

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Raymond Clement am Cube 521 zu Maarnech, August 2008
De Raymond Clement
Beispill fir e Wierk vum Raymond Clement: Den Dizzy Gillespie um North Sea Jazz Festival 1988 zu Den Haag.

De Raymond Clement, gebuer den 23. Dezember 1944 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Fotograf. D'Natur am Allgemengen, Beem, Bléien a Wolleken am Speziellen, sinn nieft Jazzmuséker d'Sujete, déi de Raymond Clement am léiwsten mat senge Camerae festhällt.

Bekannt ass de Raymond Clement och wéinst senger Jazzsendung, déi hien tëschent 1977 an 2001 op RTL Radio animéiert huet.

De Raymond Clement schafft zesummen mat der Kënschtleragentur madeinluxembourg.

Hien ass de Papp vum Organist Maurice Clement.

[änneren] Family of Jazz

De Concert vum Duke Ellington um Wolzer Festival am Joer 1970 an d'Fotoausstellung The Family of Man vum Edward Steichen hunn den Raymond Clement dozou inspiréiert, fir d'Fotosausstellung Family of Jazz ze grënnen.

[änneren] Aner Ausstellungen

[änneren] Bibliographie

  • Anonym, 1998. La Crèche de Luxembourg a 100 ans : 1898 - 1998. Photogr.: Raymond Clement. 20 p. Luxembourg.
  • Anonym (?), 2004. 100 Joer Bierger Musek. Geschicht a Geschichten aus der Buerg. Fotograf: Raymond Clement. ISBN 287978034.
  • Anonym (?), 2008. 100 Joer Harmonie Berdorf 1907-2007. 320 S. Editeur Berdorfer Musek. Fotografen: Raymond Clement & Joelle Mathias.
  • Bausch, Armando, 1985. Jazz in Europa. Fotos: Raymond Clement und M. G. Mousel. 182 p. Éditions phi, Echternach. Éditpress, Esch/Alzette.
  • Calteux, Georges, Raymond Clement & Joseph L. Nei, 2000. Millenium - lieux de mémoire et d'avenir : un itinéraire à travers 2000 ans de notre histoire. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux. 224 p. Kremer-Muller, Luxemburg.
  • Clement, Raymond, 1980. JAZZ- Impressions/Expressions. Préface de Philippe Adler. 200 p. RTL Éditions, Paris.
  • Clement, Raymond, 1994. Ösling - Jeux de lumières (= Lichtspiele). Textes de Georges Hausemer, Émile Lefort, Jean Portante, Marco Schank, Nic Weber, Liliane Welch. 209 p. Luxembourg.
  • Clement, Raymond, 2001. Luxembourg PARCS & JARDINS. Photogr. Raymond Clement, Joëlle Mathias. Préface: Lex Jacoby. Introduction: Marc Schoellen. Textes et rédaction: Sabine Kayser-Wippermann, Christian Kayser, Antoinette Lorang. Postface: Félix Molitor. 240 p. Stad a Land, Munshausen.
  • Clement, Raymond, 2001. De Séi an der Bléi oder florale Ernte : deemols ... zu Eschdörf. Fotoausstellung vum 30. Juni bis 31. Oktober 2001. Biller vum Raymond Clement, Text vum Paul Bertemes. 35 p. Naturparkzentrum, Esch-Sauer.
  • Clement, Raymond, 2003. FAMILY OF JAZZ. Fotografien : Ausstellungskatalog. Katalog: Reinhard Schultz. 30 S. Galerie Bilderwelt, Berlin.
  • Clement, Raymond, 2005. Naturpark Our. Photos: Raymond Clement ; Text: Lex Jacoby. 119 p., 1 CD. Imprimerie Centrale, Luxembourg.
  • Jacoby, Lex, 2002. Steinzeiten : Pavel Gililov spielt Chopin. Texte: Lex Jacoby; Photos: Raymond Clement. Sans pagination, 1 CD. Lions Club Luxembourg Country, Luxembourg.
  • Heidelberger, Liliane, 2003. Ausstellungskatalog DEXIA-BIL. 94 S. Fotograf: Raymond Clement.
  • Schank, Marco, 1994. Am Éislek. Photos: Raymond Clement. 26 S. Made by Sams, Luxembourg.
  • Clement, Raymond, Öewersauer & Our, Editions Schortgen.

[änneren] Linken

[änneren] Kuck och

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht