Raymond Frisch

Vu Wikipedia
Raymond Frisch
Gebuer 15. September 1923
Lëtzebuerg
Gestuerwen 18. Februar 2018
Veianen
Nationalitéit Lëtzebuerg, USA
Aktivitéit Politiker, Véidokter

De Raymond Joseph Frisch, gebuer de 15. September 1923 an der Stad Lëtzebuerg[1],[2] a gestuerwen den 18. Februar 2018 zu Veianen[3], war e lëtzebuergesche Véidokter a Lokalpolitiker. Well seng Elteren sech 1905 an Amerika bestuet haten - kuerz nodeem si dohin ausgewandert waren - krut de Raymond Frisch och déi amerikanesch Nationalitéit.[4]

De Resistenzler[4][änneren | Quelltext änneren]

1941, wéi hie Student am Dikrecher Kolléisch war, huet de Raymond Frisch déi Veianer Sektioun vun der Lëtzeburger Patriote Liga gegrënnt, déi 16 Memberen hat. Well hien och déi amerikanesch Nationalitéit hat gouf hie vum September 1942 bis de Juni 1943 weeder an d'Wehrmacht nach an d'Hitlerjugend rekrutéiert. Wéi hien nom Antrëtt vun den USA an den Zweete Weltkrich vun den Nazien zur Musterung geruff gouf ass hien ënnergedaucht an ënner falschen Numm a Frankräich an den Exil gaangen. Hien ass schliisslech zu Les Pradeaux, südlech vun Issoire, op engem Bauerenhaff gelant wou hie bis de September 1944 geschafft huet, wéi hien op Veianen zeréckkomm ass.

De Véidokter[änneren | Quelltext änneren]

De Raymond Frisch huet zu Cureghem Veterinärmedizin studéiert an am Abrëll 1952 säin Doktorat bestanen. Hien huet sech zu Veianen als Véidokter etabléiert. Am November 1964 gouf hie Vétérinaire-inspecteur am Bezierk Gréiwemaacher an am Februar 1965 am Bezierk Esch-Uelzecht. Am Oktober 1981 gouf hien Direkter vun der Veterinärsverwaltung (Administration des services vétérinaires); am September 1988 goung hien an d'Pensioun.[1]

De Lokalpolitiker[änneren | Quelltext änneren]

De Raymond Frisch war vun 1952 bis 1999 Member vum Veianer Gemengerot, als Schäffe vun 1958 bis 1981 an als Buergermeeschter vun 1982 bis 1999.[3] Vun 1952 bis 1982 war hie President vum Veianer “Syndicat d'Initiative”.[5] Vun 1955 bis 2000 war hie Member vum ONT, als Vizepresident vun 1970 bis 1981 an dono als President.[1]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hoffmann, J.P., 2018. Ehrenbürgermeister Dr. Raymond Frisch aus Vianden zum Gedenken. Luxemburger Wort 2018-03-06, S. 57.
  • Philippart, R.L., 2018. Dr Raymond Frisch n'est plus – le tourisme est en deuil. Lëtzebuerger Journal 2018-02-23, S. 21.
  • Theves, G., 1991. Le Luxembourg et ses vétérinaires. 1790-1990. Luxembourg, Arts et Livres, 310 p.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Theves 1991, S. 222.
  2. Gebuerteregëster Lëtzebuerg 1923, Nr. 661.
  3. 3,0 3,1 Luxemburger Wort 2018-02-20, S. 50 (Avis mortuaires).
  4. 4,0 4,1 Fédération des enrôlés de force - Raymond Frisch - Documents. www.ons-jongen-a-meedercher.lu. Gekuckt de(n) 2023-05-20.
  5. Hoffmann 2018. Cf. Jean Milmeister: Vom Verschönerungsverein zum “Syndicat d'Initiative”. In: Syndicat d'Initiative Vianden 1893-1993. Vianden 1993, S. 30ss.
  6. Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.