Raymond Smith Dugan
De Raymond Smith Dugan, gebuer den 30. Mee 1878 a gestuerwen den 31. August 1940 war en US-amerikaneschen Astronom.
Den Dugan hat 1902 säi Studium am Amherst College (Massachusetts) ofgeschloss a goung dann op Heidelberg, wou hien 1905 am Observatoire Heidelberg-Königstuhl seng Dissertatioun verfaasst hat.
Zu dësem Zäitpunkt war den Observatoire Heidelberger ënnert dem Max Wolf en Zentrum fir Asteroidenobservatioun an -entdeckung. Während senger Zäit zu Heidelberg entdeckt den Dugan 16 Asteroide.
1905 goung den Dugan nees zeréck an d'USA a schafft uschléissend op der Princeton Universitéit. 1908 gouf hien Assistent-Professer an 1920 Professer. Am Joer 1909 bestied hien d'Annette Rumford.
1927 verfaasst hien zesummen mam Henry Norris Russell an dem John Quincy Stewart en aflossräicht, zweebändegt Wierk mat dem Titel Astronomy: A Revision of Young's Manual of Astronomy (Ginn & Co., Boston, 1926–27, 1938, 1945), dat iwwer zwee Joerzengte zum astronomeschen Standardwierk gi war. Den éischte Band beschäftegt sech mat dem Sonnesystem, den zweete mat der Astrophysik an der stellarer Astronomie.