Reading FC
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Reading FC (Spëtznumm The Royals) ass en englesche Foussballveräin zu Reading am Berkshire. Déi 1. Härenequippe spillt an der Saison 2008/09 an dem Football League Championship, der zweethéchster Spillklass am englesche Liga System, dest nodeems si um Enn vun der Saison 2007/08 aus der Premier League ofgestige sinn. De Veräi spillt seng Heemspiller am Madejski Stadion.
De Veräin gouf 1871 gegrënnt. An der Saison 2006/07 hunn si fir d'éischt an hirer Geschicht an der ieweschter Divisioun vum englesche Foussball gespillt, a koumen do direkt op déi 8. Plaz. 1927 stounge si an der Halleffinale vum FA Cup, wat bis ewell hir bescht Leeschtung an där Kompetitioun ass.
Kuckt och [änneren]
(en) Offiziell Websäit vu Reading FC
| Commons: Reading F.C. – Biller, Videoen oder Audiodateien |
