Redan

Vu Wikipedia
An e Rempart integréierte Redan.

E Redan (Fr. och nach: Redent) ass e Baussewierk vun enger Festung a « V »-Form, wat mat sengem spatze Wénkel op de Glacis weist. E ka virun enger Courtine leien, änlech wéi eng Lunette, oder Deel vun enger Courtine sinn.[1]

D'Terminologie vun dëse Festunsgwierker ass net ganz kloer. Si ginn zu veschiddenen Zäite vu verschiddenen Auteuren a verschiddene Kontexter jeeweils als Redan, Ravelin, Lunette oder Demi-Lune bezeechent.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Redane ware kleng Festungswierker déi normalerweis virun der Courtine louchen an als Baussen- oder Beobachtungsposte konzipéiert waren. Am Verglach zu Redoutë ware si méi kleng a bestounge meeschtens aus Äerdwäll déi a spatz Wénkelen zum Glacis hin zougelaf sinn an eng kleng Plaz gedeckt hunn déi no hannen op war.

Eng weider Form ware Redanen déi als einfach Spëtzt aus der Courtine eraus stoungen, an dee Moment och gemauert waren. Am polygonale Festungsbau goufe Redanen och als schwaach Baussewierker gebaut, déi d'Distanz tëscht 2 méi staarke Wierker sollte verklengeren. D'Approche war dee Moment jo vun deene Wierker gedeckt, an d'Funktioun vum Redan bestoung eenzeg an eleng nach dran, dem Géigner keen ze grousse Raum fir ze beweegen zur Verfügung ze stellen.

Formen[änneren | Quelltext änneren]

Schema vun engem Double Redan.

Einfach Redanen hunn normalerweis e spatze Wénkel vu mindestens 60° fir ze verhënneren, datt den doudege Wénkel virun der Spëtzt ze grouss gëtt. Kleng Redanë bezeechent een och nach als Flèche, aus dem Franséische fir Fäil. Si si generell nëmme bis zu 30 Meter laang. Bei enger weiderer Form ass d'Spëtzt vun 2 weidere Spëtzte flankéiert fir den Doudege Wénkel ofzedecken, dee Moment gëtt d'Wierk als Double Redan oder Redan renforcé bezeechent.[1],[2]

Militäresch Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

Permanent Redanë sinn op bestëmmt Plaze gebaut gi fir eng Bréck oder e Passage an d'Festung ze decken. Als temporär Wierker konnte si benotzt gi fir e Camp ze schützen oder fir am Glacis eng avancéiert Stellung opzeriichten.[3] Den Effet war all Kéier de selwechten: duerch d'Form ass e relativ kompakte Raum entstanen, deen optimal zum Géigner hi verdeedegt konnt ginn. Gläichzäiteg ware Redanen einfach genuch gestréckt, fir och als temporär Wierker séier optimale Schutz ze bidden.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

  • An der Schluecht vu Borodino 1812 hat de russesche Generol Piotr Bagration op senger lénkser Flank 3 Flèchë baue gelooss fir senger eegener Artillerie d'Méiglechkeet ze ginn, och op déi franséisch Flanken ze feieren. Déi sougenannt Bagration Flèchen hunn aus zwou Lunetten an engem Redan bestanen an hu masséierten Ugrëffer vum Napoleon Bonaparte sengen Truppe standgehalen ier se schliisslech gefall sinn.
  • Am Krimkrich hu brittesch a franséisch Verbänn bal ee Joer gebraucht fir de Redan Nr. 3 vun der Festung Sewastopol ze stiermen, an dat och nëmmen ënner grousse Verloschter.
  • De Redan vum Fort de Villey-le-Sec, zu Villey-le-Sec, deen 1875 mam Rescht vum Fort zesumme gebaut gouf.
  • De Redan vun der Festung Dover, deen am 19. Joerhonnert gebaut gouf an nach haut existéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 (fr)Legrand-Girarde et Plessix. Manuel complet de fortification. 4e édition. Paris (1909)
  2. (en)ew York State Military Museum and Veterans Research Center. Schemata vun Typpe vu Redanen.
  3. (en)New York State Military Museum and Veterans Research Center. Glossaire vu Festungsbegrëffer.