Redstone (Rakéit)

Vu Wikipedia
Start vun enger Redstone-Mëttelstreckerakéit
Start vun der Redstone Freedom 7
D'Juno-1-Rakéit
Iewescht Stufe vun der Juno-1-Rakéit
Redstone-Sparta-Rakéit

D'Redstone (militäresch och als PGM-11A oder SSM-A-14 bezeechent) war déi éischt US-amerikanesch ballistesch Rakéit. Si baséiert op der Technologie vun der däitscher A4-Rakéit a gouf mat Bedeelegung vun däitsche Rakéitentechniker ënner dem Walter Dornberger an dem Wernher von Braun entwéckelt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Entwécklung vun der Redstone hat Enn 1944 als Deel vum Hermes-Programm (Hermes-C1 mat 800 km projetéierter Reechwäit) ugefaangen. D'Aarbechten un der Rakéit goufen nom Krich awer nëmme lues virugedriwwen. Dëst hat sech eréischt nom Koreakrich ëm 1950 geännert. Un d'Rakéit gouf elo méi héich Fuerderunge gestallt, z. B. méi eng grouss Notzlaascht. Vun 1951 u war dunn déi eigentlech Entwécklung vun der Rakéit um Redstone Arsenal zu Huntsville (Alabama) ënner der Leedung vum Wernher von Braun ugelaf. Am Abrëll 1952 gouf si a Redstone ëmgenannt. Redstone hätt sollen eng Buedem-Buedem-Rakéit fir d'US Army ginn. Hir Konstruktioun war Mëtt 1952 ofgeschloss. D'Rakéit konnt e nukleare Fusiounssprengkapp vun 3.000 kg an enger Sprengkraaft bis zu 3,75 Mt TNT-Equivalent iwwer 320 km droen a war domat éischter eng Kuerzstreckerakéit. D'Ausschreiwung fir de Bau vun der Rakéit hat am Oktober 1952 d'Firma Chrysler gewonnen, déi dann och mat der Testproduktioun ugefaangen huet. Den éischten Testfluch vun der Rakéit war den 20. August 1953. 1955 gouf mat der Produktioun vun der Serieversioun, ugefaangen. Am Juni 1958 gouf déi éischt Redstone-Eenheet a Westdäitschland stationéiert. Bis zum leschte Start, den 30. November 1965 gouf et 56 Starte vun der Serieversioun, dovun 28 Feelstarten. Am Ganze goufe ronn 120 Rakéite gebaut (dovu 35 fir den Testprogramm). Bei Tester gouf et am Total 47 Feelstarten. D'Zouverlässegkeet vum Typ war dofir zimmlech kleng.[1]

Trotzdeem konnt duerch déi erprouften Technologie relativ séier nom Sputnik-Schock eng Drorakéit produzéiert ginn. Mat dëser Hëllef konnt eng Rei vu Weltraummissioune gestart ginn. Dozou hunn déi éischt US-amerikanesch Satellitten Explorer 1 an déi éischt bemannt suborbital Raumflich mat Mercury-Raumschëffer gehéiert.

Stationéierungen[änneren | Quelltext änneren]

An Däitschland stounge véier mobil Ofschossrampe mat Ausrëschtung a jee eng Rakéit fir nozelueden. Redstone waren och an Italien an an der Tierkei stationéiert. Aus der Tierkei goufe se no der Kubakris ofgezunn.

Atombommentester[änneren | Quelltext änneren]

Am Kader vun der Operation Hardtack am August 1958 goufen zwou Redstone mat atomare Sprengkäpp getest. Béid Sprengsätz haten eng Sprengkraaft vun 3,75 Megatonnen. Et waren déi éischt Atombommentester vun den USA, déi mat enger Rakéit gemaach goufen.

Varianten[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Redstone-Variant fir d'Neesantrëttstester vun Interkontinentalrakéite goufe Jupiter-C bezeechent. Si bestoung aus der Redstone-Rakéit an zwou Feststoffuewerstufen. Tëscht 1956 an 1957 waren dräi Rakéite gestart ginn.
  • D'Redstone-Variant fir de Start vum éischten US-amerikaneschen Äerdsatellit Explorer 1 gouf als Juno-1 oder och als Jupiter-C bezeechent. Si bestoung aus enger modifizéierter Redstone-Rakéit mat ëm 2,4 m verlängertem Tank an dräi Feststoffuewerstufe mat enger jeeweileg ënnerschiddlecher Zuel vun Thiokol Baby-Sergeant-Feststoffrakéiten,[2] woubäi déi zweet an drëtt Stuf aneneegeschachtelt goufen. D'Notzlaascht louch nëmme bei ronn 15 kg. Nom Start vun Explorer 1 goufe weider Satellitte mat där Rakéit gestart, dobäi koum et och zu Feelschléi. 1958 gouf et sechs Rakéitestarten, dräi dovu waren an d'Box gaangen. Den éischte Start war den 31. Januar 1958, de leschte war dem 22. Oktober 1958. Beim leschte Start gouf d'Juno 1 mat enger zousätzlecher fënnefter Stuf opgebaut. De Start mam Satellit Beacon 1 hat net geklappt.[3]
  • D'Redstone Mercury fir de Start vun de Mercury-Raumschëffer hat nëmmen eng Undriffsstuf. Den éischte Start war den 21. November 1960, dee leschten den 21. Juli 1961.
  • Donieft gouf et nach d'Redstone Sparta. Si gouf fir e puer suborbital Testflich 1966 zu Woomera a fir de Start vum éischte kënschtlechen australeschen Äerdsatellit Wresat agesat.

Technesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

Redstone Jupiter-C/Juno-1 Redstone Mercury
Längt 21,1 m 21,3 m 25,5 m
Spanwäit 3,66 m 3,66 m 3,66 m
Duerchmiesser 1,78 m 1,78 m 1,78 m
Startmass 29,0 t 31,5 t ~30 t
Stufen 1 4 1
1. Stuf
Dreifwierk North American Rocketdyne NAA75-100
(A-6) mat Stralrudder
Rocketdyne A-7 Rocketdyne A-7
Startschub 347 kN 369 kN 357 kN
Dreifstoff Ethanol an LOX Hydyne an LOX Ethanol an LOX
Brenndauer 135 s 155 s 155 s
Start-/Eidelmass 28,4 / 3,89 t 30,96 / 6,16 t 30,96 / 6,16 t
2. Stuf
Dreifwierk 11 Thiokol Sergeant
Schub 73,4 kN
Dreifstoff TPH
Start-/Eidelmass 327/90 kg
Brenndauer 6,5 s
Längt 1,3 m
Duerchmiesser 0,86 m
3. Stuf
Dreifwierk 3 Thiokol Sergeant
Schub 24,0 kN
Dreifstoff TPH
Start-/Eidelmass 94/28 kg
Brenndauer 6,5 s
Längt 1,3 m
Duerchmiesser 0,41 m
4. Stuf
Dreifwierk 1 Thiokol Sergeant
Schub 8,0 kN
Dreifstoff TPH
Start-/Eidelmass 27/5 kg
Brenndauer 6,5 s
Längt 1,3 m
Duerchmiesser 0,15 m

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Redstone-Rakéit – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • (en) Encyclopedia Astronautica: Redstone

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Eugen Reichl: Das Raketentypenbuch. 1. Oplo. 2007, ISBN 978-3-613-02788-6.
  2. U.S. Centennial of Flight Home Page − Upper Stages Gearchiveerd op 2010-05-27. Gekuckt de(n) 2013-07-06.
  3. Gunter's Space Page: Juno 1, ofgeruff 26. Februar 2010