Reeboufändel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Eng Zort Reeboufändel

E Reeboufändel ass e Fändel an de Faarwe vum Reebou. Och wann d'Faarwen net genee identesch sinn, baséiere sech déi meescht Reeboufändelen op déi traditionell siwe Faarwe vum Reebou: Rout, Orange, Giel, Gréng, Blo, Indigo a Mov. Et gëtt och Ofwäichunge vun deem Spektrum an heianssdo gëtt Indigo duerch Cyan ersat.

De Reeboufändel huet eng laang Traditioun a ville Kulture rondrëm d'Welt a gëllt als Zeeche vun Toleranz, Diversitéit, Hoffnung a Verlaangeren. Hautdesdaags si verschidden onofhängeg Reeboufändelen am Gebrauch. Ee bekannten ass de Fändel vun der LGBT-Bewegung, a besonnesch an Italien ass de Friddensfändel (Peace flag) populär. Och vun der International Co-operative Alliance, enger onofhängeger Organisatioun, déi weltwäit Genossenschafte vertrëtt a vereenegt, gëtt de Reeboufändel benotzt. An den Anden gëtt e vu Leit benotzt, déi sech als Ofkomme vun den Inka gesinn.

Friddensbewegung[änneren | Quelltext änneren]

De Friddensfändel gouf am März 1961 fir d'éischt Kéier bei engem Friddensmarsch an Italien benotzt. Op him steet dat italienescht Wuert fir Fridden, PACE. En huet no der amerikanescher Militärinterventioun am Irak erëm nei u Beléiftheet gewonnen.

Internationaalt Genossenschaftsbëndnes[änneren | Quelltext änneren]

E Reeboufändel a siwe Faarwe gëtt vun der International Co-operative Alliance zanter 1921 benotzt. Fir Verwiesselunge mat den anere Reeboufändelen z'evitéieren, ass zanter 2001 en neie Logo am Gebrauch, deen en Deel vun engem Reebou a sechs Faarwe weist, a bei deem déi siwent Faarf (Mov) am Schrëftzuch ass.

LGBT-Bewegung[änneren | Quelltext änneren]

Zanter den 1970er gëtt de Reeboufändel als Smybol vun der LGBT-Bewegung benotzt. E gouf 1978 vum Gilbert Baker entworf an hat am Ufank aacht Faarwen. Den aktuelle Fändel huet sechs Faarwen: rout, orange, giel, gréng, blo a mov.

Representatioune vu Reeboufändelen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Reeboufändelen – Biller, Videoen oder Audiodateien