Reforméiert Kierchen

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'reforméiert Kierche si Kierchegemeinschaften, déi aus der Reformatioun an der Schwäiz ervirgaange sinn a vum Ulrich Zwingli a Jean Calvin gegrënnt goufen. Si hu sech vum Lutherianissem ofgegrenzt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Nom Zwingli sengem Doud (1531) huet de Calvin déi nei Léier definéiert an hir Eegenart vis-à-vis vum Luther senger Theorie festgeluecht. Virun allem huet hien eng straff Organisatioun agefouert.

Nodeem d'reforméiert Léier sech méi oder wéineger an Däitschland, a Frankräich, an der Schwäiz, a Béimen an an Ungarn breet gemaach hat, koum et hei an do zur Spléckung an och zur Grënnung vu sougenannte Fräikierchen. Sou erkläre sech all déi verschidden Tendenzen am Protestantismus: Calvinisten, Anglikaner, Puritaner, Presbyterianer, asw.

Zanter 1921 si se am "Reforméierte Weltbond" zesummegeschloss.

Eegenart[änneren | Quelltext änneren]

De Gottesdéngscht ass einfach. An de Kierche gëtt et keng Biller.

D'Léier ënnerscheet sech vun de lutheresche Kierchen duerch:

  • d'Opfaassung vun der Owesmoolzecht,
  • d'Betounung vum Individualissem.