Regierung Bettel-Schneider

Vu Wikipedia

D'Regierung Bettel-Schneider war vum 4. Dezember 2013 bis de 5. Dezember 2018 eng Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng, déi aus de virgezunnene Chamberwale vum 20. Oktober 2013 zu Lëtzebuerg ervirgaangen ass. Si war baséiert um Koalitiounsaccord[1] tëscht dësen dräi Parteien, dee vun allen dräi den 3. Dezember 2013 guttgeheescht gouf.[2] De 4. Dezember 2013 gouf se vereedegt.[3] Regierungschef war den Xavier Bettel, Vizepremier den Etienne Schneider.

Et war zanter der Regierung Thorn-Vouel-Berg, 1974-1979, déi éischt Regierung ouni eng Bedeelegung vun der CSV. Et war och déi éischt Regierung, un där Déi Gréng bedeelegt sinn.

Wéinst de Faarwe Rout, Blo a Gréng, déi d'Parteie symboliséieren, an aus Analogie zu deenen am Fändel vu Gambia, krut si de Spëtznumm Gambia-Koalitioun.

Si bestoung aus 15 Ministeren an 3 Staatssekretären.

Den 28. Mäerz 2014 huet de Marc Hansen de Staatssekretär André Bauler ersat.[4]

Den 18. Dezember 2015 huet de Premier Xavier Bettel de Ressort Kultur vun der Maggy Nagel iwwerholl, déi hiert Amt opginn hat, woubäi de Guy Arendt neie Staatssekretär dofir gouf. De Marc Hansen sengersäits gouf vum Staatssekretär zum Minister fir de Logement, amplaz vun der Maggy Nagel, ernannt, souwéi zousätzlech zum Delegéierte Minister fir Educatioun a Fuerschung.[5]

Den 20. Juni 2018 gouf de Claude Turmes Staatssekretär fir Nohalteg Entwécklung an Ëmwelt amplaz vum Camille Gira, dee stënterlech gestuerwe war.[6]

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

(Stand: 20. Juni 2018)

  • Xavier Bettel (DP): Premierminister; Minister fir Medien, Kommunikatioun a fir de Kultus an (zanter dem 18.12.2015) Minister fir Kultur;
  • Etienne Schneider (LSAP): Vizepremierminister; Aussenhandels- a Wirtschaftsminister; Minister fir Mëttelstand an Tourismus; Minister vun der Force publique;
  • Félix Braz (Déi Gréng), Justizminister;
  • Jean Asselborn (LSAP): Ausseminister, Minister fir Immigratioun an Asyl;
  • Pierre Gramegna: Finanzminister, Minister fir den Tresor an de Budget;
  • Dan Kersch (LSAP): Inneminister, Minister fir d'Fonction publique;
  • Nicolas Schmit (LSAP): Minister fir Aarbecht, Emploi a Solidarwirtschaft;
  • François Bausch (Déi gréng): Minister fir nohalteg Entwécklung, Transport, ëffentlech Aarbechten an Infrastruktur;
  • Claude Meisch (DP): Minister fir Erzéiung, Kandheet a Jugend; Minister fir Fuerschung, Héichschoulen a Beruffsausbildung;
  • Fernand Etgen (DP): Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Entwécklung; Minister fir d'Relatioune mam Parlament a fir Verbraucherschutz;
  • Corinne Cahen (DP): Ministesch fir Famill an Integratioun, Ministesch fir d'Groussregioun;
  • Romain Schneider (LSAP): Minister fir Sport, humanitär Hëllef a Sozialversécherung;
  • Lydia Mutsch (LSAP): Ministesch fir Gesondheet a fir Chancëgläichheet;
  • Carole Dieschbourg (Déi Gréng): Ministesch fir Ëmwelt, Waasserwirtschaft a Landesplanung;
  • Marc Hansen (DP), Minister fir de Logement an Delegéierte Minister fir Erzéiung a Fuerschung (zanter dem 18.12.2015)[7];
  • Francine Closener (LSAP), Staatssekretärin fir Wirtschaft a Force publique;
  • Claude Turmes (Déi Gréng), Staatssekretär fir Nohalteg Entwécklung an Ëmwelt (zanter dem 20. Juni 2018, amplaz vum verstuerwene Camille Gira);
  • Guy Arendt (DP), Staatssekretär fir Kultur (zanter dem 18.12.2015).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Service Information et Presse, Accord de coalition verëffentlecht den 2. Dezember 2013
  2. "Blo, Rout a Gréng: Ganz grouss Zoustëmmung!" RTL.lu - 03.12.2013, 18:18 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.12.2013, 23:01
  3. Zu der Bildung vun der neier Regierung: "La formation du Gouvernement 2013" op gouvernement.lu.
  4. "Wiessel an der Regierung: André Bauler raus, Marc Hansen ran." rtl.lu, 19.03.2014, 15:24:04.
  5. "Regierungsëmbildung: Bettel Kultur, Arendt do Staatssekretär, Hansen Logement." rtl.lu, 16.12.2015, 13:54:56.
  6. "De Claude Turmes gouf als neie Regierungsmember vereedegt." rtl.lu, Update: 20.06.2018, 10:20:30.
  7. Hie war virdrun zënter dem 28. Mäerz 2014 Staatssekretär fir Erzéiung a Fuerschung, eng Fonctioun, an där en den André Bauler ersat hat)