Regierung Juncker-Asselborn II
D'Regierung Juncker-Asselborn II ass eng Koalitiounsregierung aus CSV an LSAP, déi aus de Chamberwale vum 7. Juni 2009 zu Lëtzebuerg ervirgaangen ass. Si baséiert um Koaltiounsaccord tëscht dësen zwou Parteie vum 20. Juli 2009. Den 23. Juli 2009 ass se vereedegt ginn. Den 29. Juli 2009 gouf de Regierungsprogramm an der Chamber virgestallt.
Si besteet aus 15 Ministeren, wouvunner der 12 aus der viregter Regierung iwwerholl goufen.
Den 1. Februar 2012 koum et zu enger Ännerung an de Ressorten Economie an Energie, wou den Etienne Schneider de Jeannot Krecké, deen aus perséinleche Grënn zeréckgetruede war, ersat huet.[1]
[änneren] Zesummesetzung
- Jean-Claude Juncker (CSV): Premierminister; Staatsminister; zoustänneg fir d'Simplification Administrative a fir den Trésor
- Jean Asselborn (LSAP): Vizepremierminister; Ausseminister
- Marie-Josée Jacobs (CSV): Ministesch fir Famill a Jugend; Ministesch fir Kooperatioun
- Mady Delvaux-Stehres (LSAP): Erzéiungs- a Bildungsministesch.
- Luc Frieden (CSV): Finanz- a Budgetsminister, inkl. Steieren a Bankeplaz
- François Biltgen (CSV): Justizminister; Minister fir Héichschoulen a Fuerschung; Minister fir Kommunikatioun a Medien; Minister fir d'Fonction publique an de Kultus
- Etienne Schneider (LSAP): Minister fir Wirtschaft an Aussenhandel; Minister fir Energie (huet den 1. Februar 2012 de Jeannot Krecké ersat)
- Mars Di Bartolomeo (LSAP): Minister fir Gesondheet a Sozialversécherung
- Claude Wiseler (CSV): Minister fir Nohalteg Entwécklung (Bauten, Transport, Ëmwelt, Landesplanung)
- Jean-Marie Halsdorf (CSV): Inneminister, Minister fir d'Police, d'Verdeedegung, d'Groussregioun an d'Territorialorganisatioun
- Nicolas Schmit (LSAP): Minister fir Aarbecht; Minister fir Immigratioun
- Octavie Modert (CSV): Ministesch fir Kultur; Ministesch fir d'Bezéiunge mam Parlament; Ministesch fir d'Verwaltungsreform; Delegéiert Ministesch vun der Fonction publique.
- Marco Schank (CSV): Minister fir Wunnengsbau; Delegéierte Minister fir Ëmwelt a Landesplanung.
- Romain Schneider (LSAP): Minister fir Landwirtschaft a Sport; Delegéierte Minister fir Solidarentwécklung
- Françoise Hetto (CSV): Ministesch fir de Mëttelstand, Tourismus a Chancëgläichheet.
[änneren] Um Spaweck
de la Fontaine | Willmar | Simons | de Tornaco | Servais | de Blochausen | Thilges | Eyschen | Mongenast | Loutsch | Thorn | Kauffman | Reuter | Prüm | Bech | Dupong-Krier | Exilregierung | vun der Befreiung | National Unioun | Dupong-Schaus | Dupong-Schaus-Bodson | Bech-Bodson | Frieden | Werner-Schaus I | Werner-Cravatte | Werner-Schaus II | Thorn-Vouel-Berg | Werner-Thorn-Flesch | Santer-Poos I | Santer-Poos II | Santer-Poos III | Juncker-Poos | Juncker-Polfer | Juncker-Asselborn I | Juncker-Asselborn II
[änneren] Referenzen
- ↑ "Den Etienne Schneider gouf als Wirtschaftsminister vereedegt." RTL.lu - 01.02.2012, 06:39 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.02.2012, 09:10.