Regierung de Blochausen

Vu Wikipedia
De Félix de Blochausen, Staatsminister vun 1874 bis 1885

D'Regierung de Blochausen war vum 26. Dezember 1874 bis den 20. Februar 1885 am Amt.

Zesummesetzung vun der Regierung[änneren | Quelltext änneren]

Vum 26. Dezember 1874 bis de 6. August 1878[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems op Stiefesdag 1874 de Staatsminister Emmanuel Servais an de Generaldirekter fir d'Justiz Henri Vannerus demissionéiert hunn, ginn zwéin nei Regierungsmembere (de Blochausen a Funck) genannt an d'Ressorten nei opgedeelt:

  1. Affaires étrangères, dozou gehéiert ë. a. och: Milice et affaires militaires, Cultes, Fêtes et cérémonies publiques, Agriculture, commerce et industrie, Contributions directes, accises et cadastre, Caisse d'épargne, Enregistrement et domaines, Douanes
  2. Intérieur, dozou gehéiert ë. a. och: Administration communale, établissements et travaux communaux, Administration forestière, Instruction primaire, écoles normales, Voirie vicinale, Mines
  3. Travaux publics, dozou gehéiert ë. a. och: Travaux publics, Usines sur les cours d'eau, Machines à vapeur, Postes et messageries, Télégraphes, Service sanitaire
  4. Justice, dozou gehéiert ë. a. och: Police générale, service de la gendarmerie, Presse, Chemins de fer, Instruction supérieure et moyenne

D'Regierungsekipp besteet elo aus follgende Leit:

Vum 26. Abrëll 1876 bis de 8. Juli 1876[änneren | Quelltext änneren]

Nom Doud vum Alphonse Funck ginn d'Regierungsressorte provisoresch nei verdeelt[3]:

  1. Affaires étrangères, dozou gehéiert ë. a. och: Milice et affaires militaires, Cultes, Fêtes et cérémonies publiques, Agriculture, commerce et industrie, Contributions directes, accises et cadastre, Caisse d'épargne, Enregistrement et domaines, Douanes a provisoresch och: Chemins de fer
  2. Intérieur, dozou gehéiert ë. a. och: Administration communale, établissements et travaux communaux, Administration forestière, Instruction primaire, écoles normales, Voirie vicinale, Mines a provisoresch och: Police générale, service de la gendarmerie, Presse
  3. Travaux publics, dozou gehéiert ë. a. och: Travaux publics, Usines sur les cours d'eau, Machines à vapeur, Postes et messageries, Télégraphes, Service sanitaire a provisoresch och: Instruction supérieure et moyenne

D'Generaldirektioune ginn assuréiert vun:

  • Félix de Blochausen: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
  • Nicolas Salentiny: Generaldirekter fir den Interieur
  • Victor de Roebe: Generaldirekter fir d'Ëffentlech Aarbechten

Vum 8. Juli 1876 bis de 6. August 1878[änneren | Quelltext änneren]

De Paul Eyschen ersetzt de verstuerwene Funck an d'Generaldirektioune ginn nees nei opgedeelt[4]:

  1. Affaires étrangères, dozou gehéiert ë. a. och: Milice et affaires militaires, Cultes, Fêtes et cérémonies publiques, Agriculture, commerce et industrie, Chemins de fer
  2. Intérieur, dozou gehéiert ë. a. och: Voirie vicinale, Impositions communales, Police municipale et rurale, Administration des eaux et forêts, Écoles normales, Mines
  3. Finances, dozou gehéiert ë. a. och: Contributions directes, accises et cadastre, Caisse d'épargne, Enregistrement et domaines, Douanes, Assurances, Postes et messageries, Télégraphes, Instruction supérieure et moyenne, Arts et sciences
  4. Justice, dozou gehéiert ë. a. och: Police générale, service de la gendarmerie, Presse, Travaux publics, Usines sur les cours d'eau, Machines à vapeur, Service sanitaire.

D'Regierung ass elo esou opgestallt[4]:

  • Félix de Blochausen: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
  • Nicolas Salentiny: Generaldirekter fir den Interieur
  • Victor de Roebe: Generaldirekter fir d'Finanzen
  • Paul Eyschen: Generaldirekter fir d'Justiz[5]

Vum 6. August 1878 bis den 21. September 1882[änneren | Quelltext änneren]

De Salentiny demissionéiert vu senger Plaz als Generaldirekter fir eng Plaz am Staatsrot unzehuelen[6]; hie gëtt mam Henri Kirpach ersat.

  • Félix de Blochausen: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
  • Henri Kirpach: Generaldirekter fir den Interieur[7]
  • Victor de Roebe: Generaldirekter fir d'Finanzen
  • Paul Eyschen: Generaldirekter fir d'Justiz

Vum 21. September 1882 bis den 12. Oktober 1882[änneren | Quelltext änneren]

No der Demissioun vum Victor de Roebe gëtt d'Regierung op en neits provisoresch an dräi Generaldirektiounen opgedeelt, andeems déi fir d'Finanzen ewech fält[8].

  • Félix de Blochausen: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen a provisoresch och zoustänneg fir: Contributions directes, accises et cadastre, Enregistrement et domaines, Douane
  • Henri Kirpach: Generaldirekter fir den Interieur a provisoresch och zoustänneg fir: Instruction supérieur et moyenne, Arts et siences
  • Paul Eyschen: Generaldirekter fir d'Justiz a provisoresch och zoustänneg fir: Postes et messageries, télégraphes

Vum 12. Oktober 1882 bis den 20. Februar 1885[änneren | Quelltext änneren]

Den Dikrecher Affekot Mathias Mongenast gëtt den Nofollger vum de Roebe an d'Regierung huet nees véier Generaldirektiounen[9]:

  1. Affaires étrangères, dozou gehéiert ë. a. och: Force armée, Cultes, Fêles et cérémonies publiques, Agriculture, Commerce et industrie, Chemins de fer
  2. Justice, dozou gehéiert ë. a. och: Police générale, service de la gendarmerie, Hygiène publique et service sanitaire, Travaux publics et bâtiments de l'État, Police des cours d'eau, Machines à vapeur
  3. Intérieur, dozou gehéiert ë. a. och: Administration des eaux et forêts, Police rurale et forestière, Police municipale, Enseignement primaire, Écoles normales, Mines
  4. Finances, dozou gehéiert ë. a. och: Contributions directes, accises et cadastre, Enregistrement et domaines, Douanes, Postes et télégraphes, Caisse d'épargne, Enseignement supérieur et moyen, Arts et sciences

D'Regierungsposte si follgendermoosse verdeelt:

  • Félix de Blochausen: Staatsminister, Regierungspresident, Generaldirekter fir Aussebezéiungen
  • Paul Eyschen: Generaldirekter fir d'Justiz
  • Henri Kirpach: Generaldirekter fir den Interieur
  • Mathias Mongenast: Generaldirekter fir d'Finanzen[10]

Well en op der Bourse ze vill vu sengem Insider-Wësse profitéiert hat, huet den de Blochausen den 20. Februar 1885 demissionéiert; d'Regierung war domat opgeléist[11].

Politesch Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Aussepolitik[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Innepolitik[änneren | Quelltext änneren]

D'Regierung ënnert dem de Blochausen beschäftegt sech mat der Reform vum Code pénal deen aus dem Joer 1810 staamt an net méi zäitgeméiss ass. Et gëtt zwou Alternativen un déi sech kann ugepasst ginn: den däitsche Code vun 1870 oder de belsche Code vun 1867. Well eis Verfassung, eis sozial a politesch Gesetzer un deene vun der Belsch ugepasst sinn, proposéiert den Alphonse Funck, Generaldirekter fir d'Justiz, deemno och, datt mer eis an der Belsch inspiréiere sollen. Den ugepasste belsche Code pénal gëtt schlussendlech 1879 agefouert[12].

D'Regierung de Blochausen reforméiert och d'Schoulgesetz[13] a féiert eng Schoulflicht an der Primärschoul vu sechs Joer an[14]. D'Reform gëtt zolidd debattéiert, absënns iwwer d'Roll vum Staat an der Gesellschaft an iwwer d'Relatiounen tëscht der Kierch an dem Staat.

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 26 décembre 1874 portant nomination de M. le baron F. de Blochausen aux fonctions de Ministre d'État, Président du Gouvernement. data.legilux.public.lu (26.12.1874). Gekuckt de(n) 25.11.2023.
  2. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 26 décembre 1874 portant nomination de M. Alph. Funck aux fonctions de Directeur général. data.legilux.public.lu (26.12.1874). Gekuckt de(n) 25.11.2023.
  3. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 26 avril 1876 portant répartition provisoire des services publics ressortissant à la Direction générale de la justice. data.legilux.public.lu (26.04.1876). Gekuckt de(n) 25.11.2023.
  4. 4,0 4,1 (fr)Arrêté r. g.-d. du 8 juillet 1876, portant une nouvelle répartition des services publics (08.07.1876). Gekuckt de(n) 25.11.2023.
  5. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 7 juillet 1876 portant nomination de M. Paul Eyschen aux fonctions de Directeur général de la justice. http://data.legilux.public.lu/eli/etat/leg/argd/1876/07/07/n1/jo+(07.07.1876).+Gekuckt de(n) 26.11.2023.
  6. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 6 août 1878 accordant démission honorable à M. N. Salentiny de ses fonctions de directeur général de l'intérieur. data.legilux.public.lu (06.08.1878). Gekuckt de(n) 26.11.2023.
  7. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 6 août 1878 portant nomination de M. H. Kirpach aux fonctions de directeur général de l'intérieur. data.legilux.public.lu (06.08.1878). Gekuckt de(n) 26.11.2023.
  8. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 21 septembre 1882, accordant à M. V. de Roebé démission honorable de ses fonctions de directeur général des finances. data.legilux.public.lu (21.09.1882). Gekuckt de(n) 26.11.2023.
  9. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 12 octobre 1882, portant répartition des services publics. data.legilux.public.lu (12.10.1882). Gekuckt de(n) 26.11.2023.
  10. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 12 octobre 1882 portant nomination de M. Mathias Mongenast aux fonctions de directeur général des finances. data.legilux.public.lu (12.10.1882). Gekuckt de(n) 26.11.2023.
  11. (fr)Arrêté royal grand-ducal du 20 février 1885 accordant à M. le baron F. de Blochausen démission honorable de ses fonctions de ministre d'État, président du Gouvernement. data.legilux.public.lu (20.02.1885). Gekuckt de(n) 26.11.2023.
  12. (fr)Loi du 18 juin 1879, portant révision du Code pénal. data.legilux.public.lu (18.06.1879). Gekuckt de(n) 26.11.2023.
  13. (fr)Loi du 20 avril 1881 sur l'organisation de l'enseignement primaire. http://data.legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/1881/04/20/n2/jo+(20.04.1881).+Gekuckt de(n) 25.11.2023.
  14. (fr)Loi du 20 avril 1881 concernant l'enseignement obligatoire. http://data.legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/1881/04/20/n3/jo+(20.04.1881).+Gekuckt de(n) 26.11.2023.