Reginald Bottomley

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Reginald Bottomley, gebuer 1856 zu London, a gestuerwen 1933 zu Lëtzebuerg, war e Moler vun engleschen Originnen.

Hie war de Jong vum engleschen Déieremoler John William Bottomley.

Seng Konschtetuden huet hien zu Paräis gemaach, wou e sech mat der Lëtzebuergerin Elisabeth Kehler bestuet huet. Vun 1891 un huet hien zu Lëtzebuerg gelieft.

Hie war ee vun de Grënnungsmembere vum Cercle artistique de Luxembourg.

Kuckt och [änneren]