Reginald Joseph Mitchell

Vu Wikipedia
Reginald Joseph Mitchell
Gebuer 20. Mee 1895
Butt Lane
Gestuerwen 11. Juni 1937
Doudesursaach Déckdaarmkriibs
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Ingenieur, Designer

De Reginald Joseph Mitchell alias Reginald Mitchell oder R. J. Mitchell gebuer den 20. Mee 1895 zu Talke England, a gestuerwen den 11. Juni 1937 zu Southampton war en engleschen Ingenieur an industriellen Designer.

No sengem Studium geet hien 1916 an d'aeronautesch Wierker vun der Firma Supermarine Aviation Works zu Southampton schaffen. Hie war do bis zu sengem Doud am Joer 1937.

Hien huet fir déi Zäit ganz séier Fligere gebaut, ënner anerem de Supermarine Spitfire am Joer 1936, deen zwee Joer méi spéit a Betrib geholl gouf. De Fliger ass am Déngscht vun der RAF bis 1954 bliwwen.