Regionalbunn
Als Regionalbunn, oder kuerz RB bezeechent een zu Lëtzebuerg an am däitschsproochege Raum eng Kategorie vun Zich déi an all Gare hale bleiwen. Si stellen d'Grondlag vu jiddwer Eisebunnsreseau duer, well se déi lokal Garë mat de regionalen an iwwerregionale Garë verbannen.
Inhaltsverzeechnes |
Regionalbunnen zu Lëtzebuerg [änneren]
Zu Lëtzebuerg circuléiere Regionalbunnen um ganze Reseau. Et besteet fir de ganzen nationale Reseau Stonnentaktbetrieb, dat heescht et kann ee vu jiddwer Gare am Land een Zuch pro Stonn a Richtung Lëtzebuerg kréien. Op der Achs Rodange-Lëtzebuerg-Ettelbréck besteet ausser Sonndes, souguer Hallefstonnentakt.
Nieft dem nationale Reseau, fueren d'Regionalbunne vun den CFL och bis op Arel an Attem.
Zu Lëtzebuerg ginn d'Regionalbunne virun allem mat CFL 2000 an CFL 2200 Automotricen an CFL-Dosto-Voiturë gefuer. D'SNCB assuréiert op der CFL-Linn 50 eng Rei Regionalbunne mat hiren AM 96.
Regionalbunnen an der Belsch [änneren]
An der Belsch lafen d'Regionalbunnen ennert dem Numm L Zuch.
Regionalbunnen an Däitschland [änneren]
Regionalbunnen a Frankräich [änneren]
A Frankräich heeschen d'Regionalbunnen Omnibussen, a lafen am TER.
Regionalbunnen an Holland [änneren]
An Holland heeschen d'Regionalbunnen vun NS Sprinter, bei Connexxion, Syntus, Arriva a Veolia heesche s "Stoptrein" (Stopzuch). NS huet den Numm Stoptrein gebraucht bis 2007.