Regionalexpress
Als Regionalexpress, oder kuerz RE bezeechent een zu Lëtzebuerg an am däitschsproochege Raum eng Kategorie vun Zich déi tëscht de Regioune vun engem Reseau zirkuléieren. Regionalexpresse kennzeechne sech duerch manner Halten an eng méi héich Duerchschnëttsgeschwënnegkeet wéi dat bei Regionalbunnen de Fall ass.
Ausserhalb vu Lëtzebuerg ennerscheet sech de Regionalexpress och nach vun der Regionalbunn duerch e besseren Confort a méi deier Präisser.
Inhaltsverzeechnes |
Regionalexpressen zu Lëtzebuerg [änneren]
Zu Lëtzebuerg ënnerscheede sech Regionalexpresser vun de Regionalbunnen eleng duerch d'Zuel vun Halten. Soubal en Zuch op sengem Parcours och nëmmen eng méiglech Halt net ufiert, schwätzt ee vun engem Regionalexpress. A Punkto Material gëtt et keen Ënnerscheed tëschent Regionalbunnen an Regionalexpressen, well se allebéid Deel vum selwechte Roulement bei den CFL sinn.
Präislech besteet keng Differenz bei deenen zwou Kategorien, well se allebéid an den Noverkéiersberäich falen a keen RE e Lafwee vu méi ewéi 2 Stonnen huet.
Ausser op de Verbindungen iwwer d'Grenz eraus, a Richtung Arel, Nanzeg an Tréier fueren um Weekend zu Lëtzebuerg keng Regionalexpressen.
Regionalbunnen an der Belsch [änneren]
D'SNCB kennt d'Kategorie vum Regionalexpress als solech net, mä si assuréiert där Zich ënnert der Bezeechnung L Zuch. Eng kloer Ofgrennzung zur Regionalbunn besteet net, wat ënnert anerem un de laange Lafweeër vun den L-Zich läit, déi ganz ënnerschiddlech Haltfrequenze kënnen hunn.
Als eenzeg Ausnam kann een do d'Regionalexpressen ernimmen déi vun der SNCB op der CFL-Linn 50 tëscht Arel a Lëtzebuerg gefuer ginn.
Regionalexpressen an Däitschland [änneren]
An Däitschland ass de Regionalexpress méi wäit verbreet wéi an anere Länner, well den Op- an Ausbau vun engem InterCityreseau fir Vitessen iwwert 160 km/h am Oste vun Däitschland, wéinst dem schlechten Zoustand vun de Gleisanlagen, bis haut undauert. Dowéinst komme Regionalexpresse mat Héchstvitessen ënnert 160 km/h an den Asatz, déi deelweis Lafweeër vun iwwer 400 Kilometer hunn. D'Material fir d'Regionalexpressen ass an der Regel méi modern a fir méi héich Vitessen ausgeluecht wéi dat bei de Regionalbunnen de Fall ass.
D'Wuert RegionalExpress ass an der besonnescher Schreifweis eng Mark vun der DB, déi nëmme fir hir Zich benotzt gëtt. Dat ass souwäit intressant, well am Kader vun der Privatiséierung vum Schinneverkéier an den 90er Jore vill Regionalexpresser vun der fréierer Däitscher Bundesbahn u regional Betriber iwwergaange sinn an haut ënnert eegenen Nimm fueren.
Beispiller:
- Vogtland-Express
- Harz-Berlin-Express
- Lausitz-Express
Op der Héichvitessestreck München - Nürnberg fueren och Regionalexpresse mat enger Vitesse vu bis zu 200 km/h.
Regionalexpressen a Frankräich [änneren]
Regionalexpresse gi bei der SNCF an der Spart vum TER gefuer a sinn dowéinst an der Kompetenz vun de jeeweilege Regiounen.
Bei der TER Alsace ginn et Regionalexpresse mat enger Héchstvitesse vun 200 km/h.