Regioun vu Lissabon

Vu Wikipedia
Lag vun der Regioun vu Lissabon

D'Regioun vu Lissabon (Região de Lisboa) ass eng Regioun vu Portugal. Si ëmfaasst Deeler vun den Distrikter Lissabon a Setúbal. Am Norde grenzt s'un d'Região Centro, am Nordosten, Osten an am Süden un d'Regioun Alentejo an am Süden a Westen un den Atlantik.

D'Fläch vun der Regioun vu Lissabon huet 2.802 km² a si huet 3 024 034 Awunner (2007).

Dës Regioun gouf 2002 gegrënnt, nodeem d'Regioun Lisboa e Vale do Tejo opgedeelt gouf. D'Zentralregioun krut d'Ënnerregiounen Oeste aMédio Tejo an d'Regioun Alentejo drut d'Ënnerregioun Lezíria do Tejo).

Déi zwou Ënnerregioune Grande Lisboa a Península de Setúbal sinn an der Regioun vu Lissabon bliwwen.

D'Regioun besteet aus 18 Kreesser.