Rehaincourt

Vu Wikipedia
Rehaincourt
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Vosges
Arrondissement Épinal
Kanton Châtel-sur-Moselle
Koordinaten 48° 21’ 46’’ N
      06° 28’ 12’’ O
Fläch  1.522 ha
Bevëlkerung  309 (1999)

Rehaincourt ass eng franséisch Gemeng an de Vogesen an der Regioun Grand Est.

Rehaincourt läit um ieweschte Laf vum Euron engem rietsen Niewefloss vun der Musel. Um Lieu-dit la Tasnière kann een eng Versickerung vun enger Baach gesinn. Den héchste Punkt an der Gemeng ass den Hant de Lorraine mat 391 Meter. Do steet och eng Cheminée géodésique.

E groussen Hirschbestand zitt all Joer Virwëtzeger wärend der Brunft un.

Am Zweete Weltrich hat d'Uertschaft staark ënner der preisescher Besatzung ze leiden. De 5. September 1944 ware 60 % vum Duerf a Brand gestach ginn, 51 Männer waren an Däitschland verschleeft ginn, wouvun der 32 a Lageren ëmkoumen.

Ernimmenswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • An der Uertschaft Passoncourt steet e Biergerhaus vu 1624.
  • D'romanesch Kierch Saints-Simon-et-Jude ass vun 1834.

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]