Reitgesbaach

Vu Wikipedia

D'Reitgesbaach ass eng kleng belsch-lëtzebuergesch Baach am Kanton Réiden an an der belscher Provënz Lëtzebuerg.

Si entsteet aus dem Zesummelaf vun e puer Grief an der belscher Gemeng Atert ronn ee Kilometer ëstlech vun der Ferme Fagneray um Faascht op enger Héicht vun 310 Meter. Vun do leeft se no Osten fir tëscht de Gossemaarken LB 128 an LB 129 op den Territoire vun der Gemeng Biekerech ze kommen. Ongeféier 250 Meter méi wäit op der Héicht vum Réitgesbësch leeft se ënner dem CR303 erduerch, laanscht de Jongebësch an de Wëldbësch fir bei Därend op d'N22 ze stoussen.

Do dréint se dann no Norden, an nodeem se um Teller op Eller Terain komm ass, leeft se eng ronn 450 Meter duerno vu riets an d'Atert.