Reliounskricher

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Reliounskricher oder och nach Hugenottekricher, waren eng Serie vun aacht Reliounskonflikter a Frankräich, an deene Katholike géint Hugenotten (Protestante goufen a Frankräich huguenot genannt) gekämpft hunn (1562 bis 1598).

Éischte Reliounskrich (1562–1563)[änneren | Quelltext änneren]

D'Schluecht vun Dreux

Den éischte Reliounskrich huet vu Mäerz/Abrëll 1562 bis Mäerz 1563 gedauert. Den Ënnerscheed zum Ufanksmount kënnt dohier, datt déi zwee Géigner verschidde Meenungen hunn. Fir d'Protestante geet de Krich mam Massaker vu Wassy un, fir d'Katholiken ass et dem Condé seng Attack op Orléans den 2. Abrëll 1562.

Den Edikt vum Januar 1562 hat de Protestanten d'Fräiheet vum Kult baussent de Stied erlaabt. Wéi de François de Guise Protestanten an der klenger Stad Wassy beim Feiere vum Kult an der Stad selwer erwëscht, léisst hie si massakréieren, ënner dem Virwand datt si géint den Edikt verstouss hunn. Dës Episod erméiglecht him d'Reconciliatiounspolitik vun der Kinnigin Mamm Katharina vu Medici ze ruinéieren, déi vum Kanzler Michel de L'Hospital ënnerstëtzt gouf.

D'Protestanten ënner dem Condé gräifen dann elo och zu de Waffen, an huelen eng Partie Stied an. D'Schluecht vun Dreux, am Dezember 1562 a vun de Katholike gewonnen, ass déi éischt wierklech Schluecht tëscht den Arméien am Konflikt. Zu Dreux wéi och an de spéidere Schluechte spillen d'Söldner op béide Säiten eng grouss Roll. Et sinn dëst Däitscher fir béid Säiten an dobäi nach Italiener op kathoulescher Säit. Mat der Ermuerdung vum Guise am Februar 1563 virun der Stad Orléans verléieren d'Katholiken hire Chef an e grousse Strateg.

Den Éischte Reliounskrich geet op en Enn mam Pazifikatiounsedikt vun Amboise de 15. Mäerz 1563 deen d'Unerkennung vun der religion prétendue réformée, kuerz RPR, fuerdert. Fir den Edikt z'applizéieren hëlt d'Katharina vu Medici hire Jong Charles IX. op eng grouss Rees duerch Frankräich mat, déi vun 1564-1566 dauert. Zu Bayonne begéine si am Juni 1565 dem Herzog vun Alba, deen der Katharina zu enger méi radikaler Politik réit, fir d'Protestanten ee fir allemol auszeschalten.

Zweete Reliounskrich (1567–1568)[änneren | Quelltext änneren]

Den Zweete Reliounskrich gëtt duerch d'sougenannt Iwwerraschung vu Meaux (26.-28. September 1567) ausgeléist. Hei hat de Condé probéiert, de Kinnek z'entféieren. Do stellt sech natierlech d'Fro wisou d'Protestanten eng Politik zerstéiere ginn, déi fir si dach bis dohi favorabel war. Dozou muss ee wëssen, datt zu gläicher Zäit d'spuenesch Arméi laanscht d'franséisch Grenz ënnerwee ass, fir eng Revolt a Spuenesch Holland z'ënnerdrécken. Do kënnt villen d'Iddi vun engem generelle Protestantemassaker, a sou hoffe si, andeems si de Kinnek wuertwiertlech hunn, a Sécherheet ze sinn.

De Konflikt spillt sech haaptsächlech ronderëm Paräis of. D'Schluecht vu Saint-Denis am November 1567 erméiglecht de Katholiken, d'Protestanten zréckzedrängen, déi scho geféierlech no un der Haaptstad sinn. De Fridde vu Longjumeau bréngt fir eng kuerz Zäit Rou an d'Land, mä jiddweree weess, datt dëse Konflikt nach laang net eriwwer ass.

Drëtte Reliounskrich (1569–1570)[änneren | Quelltext änneren]

Et dauert net laang, do geet d'Gekrichs am Süden an am Zentrum vu Frankräich nees lass, tëscht den Truppe vum Herzog vun Anjou an den Hugenotten ënner dem Coligny a Condé. D'Schluechte vu Jarnac (Mäerz 1569) a Moncontour (Oktober 1569) ginn un d'Katholiken, an de Condé fënnt an der Schluecht vu Jarnac den Doud.

Nom Doud vum Condé ass de Coligny eenzege militäresche Chef vun de Protestanten. Si réckele bis op La Charité-sur-Loire erop, a si vun do aus eng direkt Gefor fir Paräis. De Fridde vu Saint-Germain (August 1570) setzt dësem drëtte Konflikt en Enn, a fir d'alleréischt Kéier ginn de Protestante sougenannt places de sûreté zougesot.

Véierte Reliounskrich (1572–1573)[änneren | Quelltext änneren]

D'Bartholomäusnuecht, de Mueren duerno

D'Hochzäit tëscht dem Henri vun Navarra, Chef vun de Protestanten, an der Marguerite vu Valois, Schwëster vum Kinnek, den 18. August 1572 sollt de Fridde sécheren. Mä d'Massaker vun der Bartholomäusnuecht de 24. August kënnt dotëscht, a sou ass net u Fridden ze denken. Wéi wäit d'Monarchie un dësem Massaker bedeelegt war, ass nach bis haut net gekläert. Eng wichteg Roll huet awer och d'Paräisser Bevëlkerung gespillt. D'Katholiken hunn d'Bestietnes ganz schlecht opgeholl, an déi domat verbonne Protestanten déi a ganz Paräis waren, als Gäscht vun der Bluddhochzäit. Ausgeléist gëtt dat Ganzt duerch den Attentat op de Coligny den 22. August, mä den Admirol gëtt dobäi nëmme blesséiert. Vu wiem d'Attentat ausgaangen ass, ass och net gekläert. Historiker wéi d'Janine Garrisson vertrieden d'Thes datt Madrid dohanner stoe kéint, well d'Fransousen a Flandern amarschéiere wollten. Flandern war awer spuenescht Gebitt, an de Coligny war den Haaptvertrieder fir e Flandernfeldzuch.

No enger bluddeger Nuecht zu Paräis kënnt et zu weidere "Provënz-Bartholomäusnuechten", zum Beispill zu Orléans, Bourges, Angers oder och nach Bordeaux an Toulouse. D'Zuel vun den Affer gëtt em déi 3000 zu Paräis geschat.

D'Monarchie kann sech awer militäresch net duerchsetzen, a sou kënnt et schliisslech zum Pazifikatiounsedikt vu Boulogne am Juli 1573.

Fënnefte Reliounskrich (1574–1576)[änneren | Quelltext änneren]

Am fënnefte Reliounskrich spillen d'sougenannt "Malcontents" eng grouss Roll. 1574 komme sech d'moderéiert Katholike wéi d'Unhänger vum Monsieur, François d'Alençon, an d'Protestante méi no fir géint de Kinnek ze goen. Si verlaangen eng generell Reform vum franséische Staat. Domat ass de fënnefte Konflikt eigentlech dee politeschste vun alle Reliounskricher.

Ausserdeem ass et awer och eng aristokratesch Revolt. Den Adel profitéiert vun der aktueller Situatioun: de Charles IX. ass gestuerwen, an d'Katharina vu Medici huet d'Régence bis den Henri III. aus Polen zréckass. Eng Régence ass ëmmer eng Period wou d'kinneklech Muecht geschwächt ass. D'"Paix de Monsieur" (Mee 1576) rehabilitéiert d'Affer vun der Bartholomäusnuecht a fir den d'Alençon nees zréck op d'kinneklech Säit ze zéien, gi seng Lännereie vergréissert. Den Numm vun dësem Fridde kënnt dann och dohier, datt den d'Alençon den Haaptbeneficiaire ass.

Sechste Reliounskrich (1576–1577)[änneren | Quelltext änneren]

Duerch den Drock vun de "Malcontents" rifft de Kinnek d'États généraux zu Blois an. Dës, genee wéi déi éischt kathoulesch Liga déi sech nom Edikt vu Beaulieu am Juli 1576 als Reaktioun dorop gebilt huet, verlaangen e Retour zur Reliounseenheet, wat natierlech erneit zum Krich féiert. Well awer keng vun deenen zwou Säite sech e laange Konflikt finanziell leeschte kann, kënnt et séier zum Pazifikatiounsedikt vu Poitiers am Oktober 1577.

Siwente Reliounskrich (1579–1580)[änneren | Quelltext änneren]

De siwente Reliounskrich brécht aus, well d'Klausele vum Pazifikatiounsedikt vu Poitiers schwéier duerchzesetze sinn, virun allem déi wou et em d'places de sûreté geet. Dëse Konflikt spillt sech haaptsächlech am Südweste vu Frankräich of, a kënnt op en Enn duerch verschidde Reamenagementer vum Edikt vu Poitiers.

Aachte Reliounskrich (1584–1593)[änneren | Quelltext änneren]

Den aachten a leschte Konflikt an dëser laanger Serie vu Reliounskricher gëtt och nach Kricher vun der Liga genannt. Dëse Konflikt brécht no véier Joer vu relativem Fridden aus, well den Henri vun Navarra duerch d'Salescht Gesetz en Urecht op de franséischen Troun huet, nodeem den d'Alençon den 10. Juni 1584 gestuerwen ass. Den Hoke bei der ganzer Saach ass, datt den Henri Protestant ass - onméiglech fir Frankräich. D'Liga setzt sech op en Neits zesummen, a gëtt kräfteg vum spuenesche Kinnek Philippe II. ënnerstëtzt (Traité vu Joinville, 31. Dezember 1584).

D'Organisatioun vun der Liga ass komplex. Nieft der Liga vun de kathoulesche Prënzen, déi hir Exigencen am Manifest vu Péronne (Mäerz 1585) duerstellen, an déi vum Henri III. duerch den Edikt vun Nemours (Juli 1585) Zougeständnisser kréien, gëtt et eng Rei vu méi oder manner onofhängegen urbane Ligen.

D'reliéis Motivatioun ass evident, mä et ass awer net déi eenzeg. D'Stied déi bei der Liga matmaachen, hoffen hir kommunal Autonomie zréckzekréien, d'Prënze verstoppen ëmmer manner hir Ambitiounen (den Henri de Guise huet et op den Troun ofgesinn), an erneiten États généraux am Dezember 1588 versichen de Kinnek ënner eng Tutelle ze stellen, andeems si d'Wiel vu senge Beroder kontrolléiere wëllen. Zanter Mee 1588 ass den Henri III. schonn nëmmi zu Paräis, hie gouf vun der Liga verdriwwen (Dag vun de Barrikaden) an de Guise ass an engem gewësse Sënn Kinnek vu Paräis.

Obschonn den Henri III. am Ufank Alliéierte vun der Liga war, fir géint den Henri vun Navarra ze goen, fäert hien dach fir den Zesummenhalt vum Land a beschléisst de Guise ëmbréngen ze loossen. Den Henri vun Navarra kann an der Tëschenzäit éischt Victoire virweisen, sou zum Beispill bei der Schluecht vu Coutras (Oktober 1587). Duerch d'Ermuerdung vum Guise stellt sech de Kinnek awer fir d'Liga op d'Säit vum Protestant. Den Henri III. gëtt den 1. August 1589 vum Jacques Clément, engem Mënch aus der Liga ëmbruecht. No dem Doud vum Henri III. vermëscht sech den aachte Reliounskrich mam Opstig op den Troun vum Henri vun Navarra.

Am Mäerz 1590 gewënnt hien d'Schluecht vun Ivry an et kënnt zu enger éischter Belagerung vu Paräis bei der ëm déi 45.000 Leit em d'Liewe kommen.

Dräi Joer laang versicht de Philippe II. vu Spuenien, säi Meedchen, d'Infantin Isabelle-Claire-Eugénie, op de franséischen Troun ze kréien, well hatt d'Enkelin vum Henri II. ass, mä d'Paräisser Parlament ass strikt dogéint: a Frankräich komme keng Fraen op den Troun.

Déi definitiv Victoire vum Henri IV. ass awer nëmme méiglech, wéi hie sech am Juli 1593 definitif zum Katholizismus konvertéiert. Am Februar 1594 gëtt hien zu Chartres gekréint, am Mäerz hëlt hie Paräis an. Definitiv Rou am Land ass awer eréischt 1598, nom Edikt vun Nantes.

Kuerz Chronologie vun de Reliounskricher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Jouanna, Arlette, La France du XVIe siècle, 1483-1598, PUF, Paräis, 2002.
  • Garrisson, Janine, Les Protestants au XVIe siècle, Fayard, Paräis, 1988.
  • Garrisson, Janine, Guerres civiles et compromis, Le Seuil, Paräis, 1991.
  • Garrisson, Janine, "Huit guerres qui ont déchiré la France" in Les Collections de l'Histoire, N.17, Oktober 2002, S. 28-31.
  • Miquel, Pierre, Les guerres de religion, Fayard, Paräis, 1980.
  • Jouanna, Arlette, Histoire et dictionnaire des guerres de religion, Robert Laffont, Paräis, 1998.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Reliounskricher a Frankräich – Biller, Videoen oder Audiodateien