Remix

Vu Wikipedia

E Remix ass e Lidd dat geännert oder komplett ëmgestallt gëtt fir datt et sech anescht unhéiert wéi d'Original. D'Héicht vum Sänger senger Stëmm oder d'Vitess vum Lidd kann zum Beispill änneren. D'Konzept vum Remix gëtt et haaptsächlech an de Museksgenre Pop, Dance, Hip-Hop an R&B.

Et gëtt verschidde Grënn fir e Remix vun engem Lidd ze maachen. Sou kann een z. B. e Lidd remixe fir datt et um Radio oder an engem Club gespillt gëtt.

E Remix soll net mat de follgende "Mixe" verwiesselt ginn:

  • en Edit, bei deem haaptsächlech just d'Längt vum Lidd geännert gëtt fir et bestëmmte Kontexter unzepassen (z. B. eng méi kuerz Versioun fir de Radio);
  • e Cover, deen eng Neiopnam vun engem Lidd vun engem oder méi anere Kënschtler ass (e Remix ass en neie Mix vun enger Originalversioun);
  • en DJ Mix, an deem en DJ eng Rei Lidder matenee vermëscht sou datt se wéi ee laangt Museksstéck schéngen;
  • e Mashup, eng Aart Collage aus Lidder vun engem oder méi Kënschtler, bei där d'Instrumentalspur(en) an d'Gesanksspur(e) mateene vermëscht respektiv iwwerenee geluecht ginn.

Et kënnt vir, datt e Remix kommerziell méi erfollegräich ass wéi d'Originalversioun. E Beispill dofir ass dem Todd Terry säi Remix vu Missing vun Everything but the Girl Mëtt der 1990er Joren, dat Ufanks nach net vill Succès hat, mä nom Remix et bis op d'Nummer 1 an Däitschland, Dänemark, Kanada an Italie bruecht huet.

Verschidde Kënschtler hu ganz Albume mat Remixversioune vun hire Lidder verëffentlecht. Mat ëm déi sechs Millioune verkaaften Exemplairen ass dem Michael Jackson säi Blood on the Dance Floor: HIStory in the Mix vun 1997 de meeschtverkaafte Remixalbum op der Welt.