Remy Wagner

Vu Wikipedia
Remy Wagner
Gebuer 10. November 1921
Diddeleng
Gestuerwen 24. September 1997
Lëllgen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Veräin/Ekipp Stade Dudelange,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp


De Remy Wagner oder Raymond Wagner, gebuer den 10. November 1921 zu Diddeleng a gestuerwen de 24. September 1997 zu Lëllgen, war e lëtzebuergesche Foussballspiller a -fonctionnaire.[1]

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1948 zu London vertrueden.[2]

Tëscht dem 5. Mee 1946 am 16. Abrëll 1950 huet de Remy Wagner 19-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[3]

Hie war vun 1981 bis 1986 President vun der Fédération luxembourgeoise de football.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Remy Wagner op der Websäit vu sports-reference.com
  2. De Remy Wagner op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  3. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Remy Wagner op der Websäit vun European Football
  4. Ordensverleihungen für das Professoren- und Lehrkorps am Luxemburger Wort vum 25. Juni 1979 op der Säit 6 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 2. November 2022