René Engelmann

Vu Wikipedia
René Engelmann
Gebuer 9. Oktober 1880
Gestuerwen 26. August 1915
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
René-Engel-Monument zu Veianen (Ausschnëtt)

De René Engelmann, gebuer den 9. Oktober 1880 zu Veianen, a gestuerwen duerch Selbstmuerd de 26. August 1915 zu Dikrech[1], war e lëtzebuergesche Schrëftsteller, Sproochwëssenschaftler, a Professer am Secondairesenseignement.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De René Engelmann war de Jong vun engem Wiert an enger Léierin. No der Primärschoul war hien am Gymnase de Diekirch wou hien 1899 säin Ofschloss gemaach huet. Duerno huet hien op de Cours supérieurs studéiert.

Hien huet duerno op der Sorbonne zu Paräis romanesch Sproochen, an op der Universitéit vu Berlin Germanistik studéiert. Zu London huet hien och en Englesch-Studium gemaach.

Am Joer 1906 huet hien eng Plaz am Gymnase de Diekirch kritt. Do war hie Professer fir Latäin, Franséisch an Englesch.

Hie gouf vun der Lëtzebuerger Regierung beoptraagt fir Uerdnung an de Chaos vun der Orthographie an der Lëtzebuerger Sprooch ze bréngen. Seng doraus ervirgaange Vorschläge zur Regelung der luxemburgischen Rechtschreibung goufen am Nik Welter sengem Schoulbuch Das Luxemburgische und sein Schriftum abruecht. Déi nei Schreifweis gouf dofir Welter-Engelmann-Schreifweis genannt.

Nieft senge wëssenschaftleche Publikatiounen huet hien och neoromantesch Novelle geschriwwen.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Novellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Heiratsvermittler
  • Auf heimatlichen Pfaden
  • Das Mensch
  • Die alten Frauen
  • Sonntagabend
  • Rendez-vous
  • Ternes Wunderlich
  • Engelmann, R., 2005. Novellen: René Engelmann (1880-1915). [Nowuert vum Cornel Meder; Zesummestellung an Deckelentworf: Jean Milmeister.] Veiner Geschichtsfrënn. 116 S. Bertrange, Rapidpress.

Weider Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Engelmann, R., 1902. La nature dans la poésie de Victor Hugo. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 12: 176-179. [1]
  • Engelmann, R., 1907. Ein luxemburgisches Wörterbuch. Korrespondenzblatt des Vereins für siebenbürgische Landeskunde: 377-381. Hermannstadt.
  • Engelmann R., 1910. Der Vokalismus der Viandener Mundart. Justin Schroell Verlag, Diekirch. 44 S.

Nom René Engelmann genannt[änneren | Quelltext änneren]

  • D'René-Engelmann-Plaz (Place René-Engelmann) un der Groussgaass an der Veianer Uewerstad;
  • D'René-Engelmann-Monument laanscht d'Groussgaass an der Veianer Uewerstad, direkt vis-à-vis vun der René-Engelmann-Plaz. D'Monument gouf op Initiativ vun de Veiner Geschichtsfrënn opgeriicht.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Link, André, 2005. Engelmann. Monolog für einen Schauspieler, Theaterstéck.
  • Meder, Cornel, 1980. De René Engelmann. Konferenz, MOL 15, 1980, Éditions du Centre Culturel de Differdang. Den Text vun der Konferenz, déi de Cornel Meder de 25. Oktober 1980 am Veianer Stadhaus gehalen huet.
  • Meder, Cornel & Claude Meintz (Bearb.), 1990. René Engelmann: 1880-1915: Leben - Werk - Zeit: eine Ausstellung des Luxemburger Literaturarchivs mit Unterstützung der "Fondation Servais pour la littérature luxembourgeoise". Luxembourg: Fondation Servais, Foetz, Kremer-Mueller. 431 p.
  • Scheiner, Andreas, 1910. René Engelmann, Der Vokalismus der Viandener Mundart. In: Korrespondenzblatt des Vereins für siebenbürgische Landeskunde, Hermannstadt, S. 333-355

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: René Engelmann – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De René Engelmann huet sech erhaangen. Hie gouf den 29. August 1915 zu Veianen begruewen. Den Nicolas Ries, Joseph Hansen an den Tony Pemmers hale Grafrieden, déi e puer Deeg drop an der Press gedréckt goufen. Quell: Meder & Meintz 1990 an der Literatur.