René Brück

Vu Wikipedia
René Brück
Gebuer 25. Mee 1924
Gestuerwen 12. Juni 2002
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur

De René Brück, gebuer zu Wolz de 25. Mee 1924, a gestuerwen den 12. Juni 2002 zu Destelbergen[1], war e lëtzebuergeschen Ingenieur, Industriemanager a Russlandkenner.

Dem René Brück säi Papp war wärend der Nazi-Occupatioun fusilléiert ginn, an hie war mat senger Famill an e Lager a Pole verschleeft ginn. Vun de russeschen Zaldoten, déi d'Lager 1945 befreit hunn, huet hie seng éischt Wierder Russesch geléiert. Russland sollt spéider eng zweet Heemecht fir hie ginn.[2]

De René Brück huet op der ETH zu Zürich fir Ingenieur studéiert. 1951 huet hien eng Plaz bei der Kuelegrouf vun Houthalen, am flämesche Limburg ugeholl, wou d'ARBED Intressien hat[3]. 1969 ass hien op d'Sidmar zu Gent, déi 7 Joer virdru gegrënnt gi war, gewiesselt. Nom onerwaartenen Doud vum Generaldirekter Joseph Hein, huet hien dee Posten iwwerholl.

Mat senge Kontakter a Russland a senge Sproochkentnisser huet de René Brück et fäerdeg bruecht, der Sidmar nei Mäert an deem Land opzemaachen. Déi zousätzlech Liwwerunge vu Gent an d'Lada Fabrick zu Togliatti hunn der Sidmar gehollef, relativ gutt duerch d'Stolkris ze kommen.[4] Vun 1977 u war de R. Brück Administrateur-délégué op der Sidmar.

Am Joer 1983 gouf hie President vun der Generaldirektioun vun der ARBED, wat hie bis 1986 bliwwen ass. De Grond fir seng Ernennung un d'Spëtzt vun der Generaldirektioun vun der ARBED, als Successeur vum Paul Metz[5], war datt een, no de Krisemesuren, en externe Manager mat der Reorganisatioun vun der Generaldirektioun chargéiere wollt.[6]

De René Brück war Éierepresident vun der Sidmar a vun der ALZ vu Genk. Hie war de Grënner an Éierepresident vum "Russisch Institut Gent", Doctor honoris causa vun der Rijksuniversiteit Gent a vun der R.E.A. (Rossiysky ekonomichesky universitet = Plekhanov Russian University of Economics) vu Moskau.

Hie war mat der Godelieve Vanstiphout bestuet. Si hate fënnef Kanner.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1995 Herman Dessersprijs vun der Limburgse Kamer voor Handel en Nijverheid.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archive copy Archivéiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2011-10-15.
  2. "Limburgs topmanager vandaag begraven", Het Belang Van Limburg, 19. Juni 2002 (http://www.hbvl.be/Archief/guid/limburgs-topmanager-vandaag-begraven.aspx?artikel=8751a859-9fe0-47db-aad7-aad008f7241e)
  3. Gilles Martin, Ceux de Clabecq, p. 65, Éditions EPO, Bruxelles, 1997
  4. SIDMAR, Annual Report 2002, p. 17, Gent, 2003 (http://bib.kuleuven.be/ebib/data/jaarverslagen/Sidmar_2002eng.pdf)
  5. Claude Pescatore: Éloge de Paul Metz (1918 - 1993). Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, N.S. 41 (1985-1994), p. 43-48, Luxembourg 1995.
  6. Pierre Werner, Itinéraires luxembourgeois et européens, Éditions Saint-Paul, Luxembourg, 1991, Tome II, p. 271