René Grün

Vu Wikipedia
René Grün
Gebuer 18. Februar 1933
Lëtzebuerg
Gestuerwen 27. Mee 2004
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sportler

De René Grün, gebuer den 18. Februar 1933 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 27. Mee 2004 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Boxer, Olympionik, an nieweberuffleche Sportsfotoreporter.[1]

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1960 zu Roum vertrueden.[2] Hien hat am éischten Tour géint den Amerikaner Phil Baldwin duerch K.O. verluer.

An der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft war hien ee Joer laang Vizemeeschter. An der Finall géint de Gaston Diederich war de Match no Punkten entscheet ginn. Well jiddwereen déi selwecht Punkte krut blouf de Gaston Diederech als Titelverdeedeger, Landesmeeschter.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De René Grün op der Websäit sports-reference.com
  2. De René Grün (oder sou wéi hei René Gruen) op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'