René Hartmann

Vu Wikipedia
René Hartmann
De Schäfferot vun Diddeleng (1965) (l. n. r. Nic. Birtz, René Hartmann an Henri Berg), bei der Vereedegung vum Buergermeeschter, René Hartmann (an der Mëtt)
Gebuer 28. September 1909
Nanzeg
Gestuerwen 13. Abrëll 1973
Nanzeg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler, Foussballspiller
Partei LSAP

De René Hartmann, gebuer den 28. September 1909 zu Nanzeg an do gestuerwen den 13. Abrëll 1973, war e lëtzebuergesche Foussballspiller, Gewerkschaftler an LSAP- Politiker.

De René Hartmann huet vun 1924 un als Ajusteur op ARBED-Diddeleng geschafft, bis hien 1945 vollberuffleche Sekretär vum LAV ginn ass. Vun 1955 bis 1969 war hie Generalsekretär vun der Gewerkschaft fir d'Regioun Diddeleng-Westen.

Vun 1951 bis 1973 war de René Hartmann Member vum Diddelenger Gemengerot, fir d'éischt als Conseiller, dann, vum 1. Januar 1965 un, als Schäffen a vum 26. August 1965 u bis zu sengem Doud als Buergermeeschter.

Säi Virgänger war de Jean Fohrmann (1946-1965), säin Nofollger den Nicolas Birtz (1973-1984).

Vun 1968 bis 1975 war hien Deputéierten an der Chamber.

A senger Jugend war de René Hartmann e bekannte Foussballspiller; hien huet den 18. September 1938 fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • B. Fayot, S. Hoffmann, J. Maas & R. Steil: 100 Joer sozialistesch Deputéiert an der lëtzebuerger Châmber: Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Edition La Mémoire Socialiste, Luxembourg 1997, 171 S. (René Hartmann: S. 59).
  • Anonym, 2001. Personnagen: René Hartmann. Lëtzebuerger Journal 2001, Nr. 185 (28. September), S. 21.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum René Hartmann op der Websäit vun European Football