René Leboutte

Vu Wikipedia

De René Leboutte, gebuer 1954, ass e belsche Philosoph an Historiker.

Hien huet vun 1971 bis 1985 op der Universitéit Léck Philosophie a Geschicht studéiert an déi Studie mat engem Doktorat ofgeschloss.

Zanter Februar 2006 ass de René Leboutte Professeur d'histoire de l'Europe contemporaine op der Universitéit Lëtzebuerg. Hien ass ausserdeem am Kader vun der Unité de recherches Identités Politiques Sociétés Espaces (IPSE) fir de Fuerschungsprogramm iwwer europäesch Governance zoustänneg.

Seng Habilitatiounsthes aus dem Joer 1997 war iwwer d'Fuerschung vun der Uni Charles de Gaulle, Lille III. D'Schwéierpunkter vu senge Recherchë leien op der Geschicht vun der Ekonomie, an op där vun der Gesellschaft vum Enn vum 17. Joerhonnert bis haut, mam Schwéierpunkt um 19. an 20. Joerhonnert.

De René Leboutte ass Auteur vun ë. a. Vie et mort des bassins industriels en Europe, 1750-2000 (1997) an der Histoire économique et sociale de la construction européenne (2008).

Hien ass och Administrateur an engagéierte Member vu verschiddene Gesellschaften, wéi zanter 1994 dem Musée de la vie Walonne, zu Léck.

Aner Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • "Belgium, Luxembourg and the Steel Policy of the European Coal and Steel Community, 1952-2002", In: Rasch Manfred, Düwell Kurt (éditeurs), Anfänge und Auswirkung der Montanunion auf Europa. Die Stahlindustrie in Politik und Wirtschaft, Essen, Klartext, 2007, pp. 31–54.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]