René Pütz
De René Pütz, gebuer de 7. Abrëll 1940 zu Walfer, a gestuerwen den 30. Oktober 2002 an der Stad, war e lëtzebuergesche Schauspiller.
De René Pütz hat de Beruff vum Usträicher geléiert, hie war awer spéider Reesender fir eng Lëtzebuerger Faarwefabrick.
De René Pütz als Schauspiller[änneren]
Mat 15 Joer stoung hie schonns zesumme mam Marcel Jander zu Hesper op der Bühn. Seng Theatercarrière ass richteg am Joer 1974 beim Lëtzebuerger Theater ugaangen. Seng éischt Haaptroll hat hien am Stéck De Gréngen vum Fons Kontz. Ee vu senge groussen Erfolleger hat hien zesumme mam Marc Faber an der Jonggesellekëscht vum Alain Atten.
An der Revue vum "Lëtzebuerger Theater" , déi all Joer opgefouert gëtt, war de René Pütz an der Roll vum Schnëssert jorelaang eng vun den Haaptfiguren.
Hien huet awer net ëmmer de Clown gespillt, hie konnt och an eeschte Rollen iwwerzeegen, esou am Stéck De Brëtzert vum Norbert Weber.
De René Pütz war awer och um Lëtzebuerger Radio an op der Lëtzebuerger Televisioun aktiv. Hien huet och an enger ganzer Serie vu Reklammfilmer matgespillt. Derniewent huet en och nach an e puer Filmer matgespillt.
Filmer[änneren]
- E Fall fir sech, Regie: Menn Bodson a Marc Olinger
- De falschen Hond, Regie: Menn Bodson, Marc Olinger a Gast Rollinger
- E Liewe laang