René Pottier
De René Pottier gebuer de 5. Juni 1879 zu Moret-sur-Loing, a gestuerwen de 25. Januar 1907 zu Levallois-Perret, war e franséische professionelle Vëlossportler.
Inhaltsverzeechnes |
Biographie [änneren]
Nodeems hien 1903 d'Amateurseditioun vu Bordeaux-Paräis gewonnen hat, gouf hie Profi. 1905 gouf hien Zweeten am Paris-Roubaix an am Bordeaux-Paräis, duerno 1906 Drëtten am Paris-Roubaix, fir an demselwechte Joer déi véiert Editioun vum Tour de France ze gewannen.
Hie gëtt als den éischte Grimpeur am Tour consideréiert.
1905 war hien den Éischten iwwer d'Kopp vum Ballon d'Alsace gefuer, deen dat Joer den éischte Col war deen an engem Tour gefuer gouf. Hie gouf zwar an der Descente erëm agefaangen, konnt awer d'Generalklassement fir sech entscheeden, a krut de Maillot jaune. Den Dag duerno huet en opginn.
Dat Joer duerno huet hien den Tour gewonnen, an hat derbäi 5 Etappen an d'Täsch gestach. Obschonns hie seng Konkurenten an der Zäit wäit distanzéiert hat, war duerch de Punkteklassement seng Victoire um Tour laang onsécher.
De René Pottier huet sech de 25. Januar 1907 d'Liewe geholl. E puer Wochen duerno huet de Patron vum Tour den Henri Desgrange um Ballon d'Alsace e Monument opriichte gelooss, fir un hien z'erënneren.
Palmarès [änneren]
1903 [änneren]
- 1. am Bordeaux-Prais fir Amateuren
1905 [änneren]
- 2. am Paris-Roubaix
- 2. am Bordeaux-Paräis
1906 [änneren]
- 1. am Tour de France a Gewënner vu 5 Etappen
- 3. am Paris-Roubaix
Resultater um Tour de France [änneren]
- Tour de France 1905 : opginn an der 3. Etapp
- Tour de France 1906 : 1. am Generalklassement a Gewënner vu 5 Etappen
1903 Maurice Garin | 1904 Henri Cornet | 1905 Louis Trousselier | 1906 René Pottier | 1907, 1908 Lucien Petit-Breton | 1909 François Faber | 1910 Octave Lapize | 1911 Gustave Garrigou | 1912 Odile Defraye | 1913, 1914, 1920 Philippe Thys | 1919, 1922 Firmin Lambot | 1921 Léon Scieur | 1923 Henri Pélissier | 1924, 1925 Ottavio Bottecchia | 1926 Lucien Buysse | 1927, 1928 Nicolas Frantz | 1929 Maurice Dewaele | 1930, 1932 André Leducq | 1931, 1934 Antonin Magne | 1933 Georges Speicher | 1935 Romain Maes | 1936, 1939 Sylvère Maes | 1937 Roger Lapébie | 1938, 1948 Gino Bartali | 1947 Jean Robic | 1949, 1952 Fausto Coppi | 1950 Ferdi Kübler | 1951 Hugo Koblet | 1953–1955 Louison Bobet | 1956 Roger Walkowiak | 1957, 1961–1964 Jacques Anquetil | 1958 Charly Gaul | 1959 Federico Bahamontes | 1960 Gastone Nencini | 1965 Felice Gimondi | 1966 Lucien Aimar | 1967 Roger Pingeon | 1968 Jan Janssen | 1969–1972, 1974 Eddy Merckx | 1973 Luis Ocaña | 1975, 1977 Bernard Thévenet | 1976 Lucien Van Impe | 1978, 1979, 1981, 1982, 1985 Bernard Hinault | 1980 Joop Zoetemelk | 1983, 1984 Laurent Fignon | 1986, 1989, 1990 Greg LeMond | 1987 Stephen Roche | 1988 Pedro Delgado | 1991–1995 Miguel Indurain | 1996 Bjarne Riis | 1997 Jan Ullrich | 1998 Marco Pantani | 1999–2005 Lance Armstrong | 2006 Óscar Pereiro | 2007 Alberto Contador | 2008 Carlos Sastre | 2009 Alberto Contador | 2010 Andy Schleck | 2011 Cadel Evans
| Commons: René Pottier – Biller, Videoen oder Audiodateien |