René Putzeys

Vu Wikipedia
René Putzeys
Gebuer 30. Januar 1931
Gestuerwen 23. August 2011
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler

De René Putzeys, gebuer den 30. Januar 1931 zu Péiteng[1] an och do gestuerwen den 23. August 2011,[2] war e lëtzebuergeschen CSV-Politiker an LCGB-Gewerkschaftler.

Vun 1984 bis 1994 war hien Deputéierte vum Südbezierk an der Chamber.

Hie war vum 1. Januar 1988 bis den 31. Dezember 1993 Buergermeeschter vun der Gemeng Péiteng.

Berufflech war hien Haaptinspekter bei de Sozialversécherungen. Hien huet zanter 1979 reegelméisseg am Wort iwwer sozialpolitesch Theme geschriwwen.[3]

De René Putzeys war bestuet a Papp vun 3 Kanner.[4]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 349
  2. "survenu à Pétange, le 23 août 2011", Doudesannonce vun der Chamber, Luxemburger Wort Nr 197 vum 25. August 2011, S. 36
  3. "Engagierter CSV-Sozialpolitiker gestorben." wort.lu, 24.08.2011 17:36, aktualiséiert 24.08.2011 18:05.
  4. "Engagierter.." wéi uewen.