René Steichen (Politiker)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker René Steichen. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. René Steichen.
René Steichen
Gebuer 27. November 1942
Dikrech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Institut d'études politiques de Paris
Aktivitéit Politiker, Entreprener, Affekot
Partei CSV

De René Steichen, gebuer de 27. November 1942 ass e lëtzebuergeschen Affekot, Politiker a Manager.

Hien ass Member vun der CSV a war tëscht 1974 an 1984 Buergermeeschter vun Dikrech.

1979 war hien Deputéierten an der Chamber a gouf 1984 an der Regierung Santer-Poos I Staatssekretär fir Landwirtschaft a Wäibau. 1989 gouf en, an der Regierung Santer-Poos II, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Entwécklung an Delegéierte Minister fir Kultur a Fuerschung.

Den 9. Dezember 1992 gouf en a senge Funktiounen duerch d'Marie-Josée Jacobs ersat, wéi e lëtzebuergesche Kommissär an der Europäescher Kommissioun gouf, zoustänneg och do fir Landwirtschaft. Mä schonn 1995 huet e säi Poste missen opginn, well de Jacques Santer onerwaart zum Kommissiounspresident ernannt gouf a Lëtzebuerg just ee Kommissär "zegutt" huet.

De René Steichen war vun 1996 bis 2015 President vum Verwaltungsrot vun der SES. Hien ass President vum Verwaltungsrot vu Luxconnect an hie war Vizepresident vun der Dexia BIL a Member vun der CLT-UFA a vu Luxempart.

Hien ass President vun de Veiner Schloossfrënn.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. La Grand-Croix de l'Ordre de Leopold II décernée à M. René STEICHEN. Gekuckt de(n) 24/05/2020.