René Théry

Vu Wikipedia
Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
René Théry
Gebuer 5. November 1869
Douai
Gestuerwen 17. September 1922
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Architekt

De René Antoine Marie Joseph Théry, gebuer de 5. November 1869 zu Douai am franséischen Departement Nord, gestuerwen de 17. September 1922 zu Paräis,[1] war en Architekt.

Hien hat zu Douai, Lille a Canterbury Architektur studéiert, an duerno, tëscht 1898 an 1904 an de Vereenegte Staaten a verschiddenen Architektebureaue geschafft. E koum nees an Europa zeréck an huet sech zu Bréissel installéiert, wou en ë. a. Gebaier fir Assurancë-Gesellschaft Propriétaires réunis, d'Banque de Bruxelles, Crédit anversois an d'Banque de Paris et des Pays-Bas, sou wéi och eng Rëtsch Privathaiser entworf huet.[2]

Zu Lëtzebuerg sinn d'Pläng vum ARBED-Gebai, op der Stater Gare vun him (de Sosthène Weis huet d'Bauaarbechten ausgeféiert).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Lorang, Antoinette, 1988, Plateau Bourbon und Avenue de la Liberté: Späthistoristische Architektur in Luxemburg. Vol. CIII, PSH, Ss. 303-304

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "René Antoine Marie Joseph THÉRY" / "Né le 5 novembre 1869 -,Douai,59, Nord, France" / "Décédé le 17 septembre 1922 -,Paris,75,Seine, France", Informatiounen op GeneaNet, gelies den 23. Mäerz 2011 (Link op d'Säit)
  2. Robert L. Philippart: Le palais de l'Arbed. in: forum Nr. 304, Februar 2011, S.21-23, hei: S.22.