René Weis

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
René Weis
Gebuer 22. Juni 1953
Gréiwemaacher
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Kriminolog, Universitéitsprofesser

De René J. A. Weis, gebuer den 22. Juni 1953 zu Gréiwemaacher[1], ass e lëtzebuergeschen Auteur.

Studien a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De René Weis ass zu Dikrech an de Kolléisch gaangen. No sengem Studium vu Latäin, Linguistik a Kënschtlecher Intelligenz zu Edinburgh an der englescher Literatur zu London gouf hien 1981 Reader um University College London (UCL), wou hien zanterhier enseignéiert.

Seng Spezialitéit als Fuerscher sinn dem Shakespeare seng Aarbechten a säi Liewen[2].

Nieft enger Rëtsch vu reng wëssenschaftlechen Aarbechten huet hien och Bicher geschriwwen iwwer, ënner anerem, d'Liewe vun der Edith Thompson, déi 1923 an England onschëlleg higeriicht gouf, an d'Geschicht vun de leschte Katharen am Languedoc am Ufank vum 14. Joerhonnert.

Ënnerstëtzt duerch eng Bourse vum Leverhulme Trust schafft de René Weis vun Oktober 2010 bis 2013 un engem Buch iwwer dem Giuseppe Verdi seng Oper La Traviata.

De René Weis spillt de King Lear am Sangeeta Datta sengem Film Life Goes On, deen 2009 gedréint gouf an den 11. Mäerz 2011 zu London fir d'éischt gewise gouf.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Shakespeare Revealed: A Biography. John Murray, 2007.
  • Shakespeare Unbound: Decoding a Hidden Life. Henry Holt and Co., 2007.
  • Criminal Justice: The True Story of Edith Thompson. Hamish Hamilton, 1988.
  • The Yellow Cross. Viking, 2000.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Andonovic, V., 2012. René Weis, Professor am "University College London" im Gespräch. Luxemburger Wort vum 8. Juni 2012, S. 12. (Interview mam René Weis).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. LW vum 8. Juni 2012, S. 12
  2. Websäit vum Englesch-Department vun der UCL https://web.archive.org/web/20111217090255/http://www.ucl.ac.uk/english/about/staff/rw.htm